Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ RTL/Lunghi-Affär: Parquet général freet d'Confirmatioun vum éischten Urteel

Jee 1.000 Euro Strof fir Schram an Thoma

RTL/Lunghi-Affär: Parquet général freet d'Confirmatioun vum éischten Urteel

An der sougenannter RTL/Lunghi-Affär gëtt de 25. Juni d’Appellsurteel gesprach. Gëschter um Mëttwoch war et op der Cour d’appel an der Stad den Ofschloss vum zweete Prozess ëm déi medial Couverture duerch RTL vun engem Interview mam fréiere Mudam-Direkter Enrico Lunghi.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Adobe Stock play_arrow
(Foto: Adobe Stock)

Et geet an där Affär ëm e Gespréich vun RTL Telé Lëtzebuerg, dat d’Sophie Schram am September 2016 mam Enrico Lunghi gemaach hat. Dobäi hat deen ee Moment - ausser sech - de Mikro vun der Journalistin ewechgeschloen a si mam Aarm geholl. An der Suite dovun hat RTL de Virworf gemaach kritt, e Reportage doriwwer wier manipuléiert gewiescht.

Affekot vum Enrico Lunghi huet 20.000 Euro Schuedenersatz gefrot

D’Vuë vun den zwou Säiten dorop gounge gëschter um Mëttwoch nach emol wäit auseneen. Sou wier an den Ae vum Me Jean Lutgen, Affekot vum Enrico Lunghi, d’Manipulatioun bewisen. Dogéint hunn d’Me Lydie Lorang, Affekotin vun der Sophie Schram, an de Me Baulisch, Affekot vum Marc Thoma, déi Reprochen zeréckgewisen.

Fir de Me Jean Lutgen hätten de Presserot an d’ALIA, déi onofhängeg Autoritéit fir audiovisuell Medien, awer vu Manipulatioun geschwat. Virun deem Hannergrond huet den Affekot vum Enrico Lunghi 20.000 Euro Schuedenersatz gefrot.

D’Schneide vun engem Interview wier een normale Virgank

Op där anerer Säit huet d’Me Lydie Lorang betount, de Reportage wier net truquéiert ginn. D’Biller, wéi den Ex-Mudam-Direkter d’Hand vun der Ex-Journalistin ëmgedréint a si menacéiert huet, hätte misse gewise ginn. Wuel wier de Reportage zesummegeschnidden, awer net denaturéiert ginn.

Der Affekotin vun der Sophie Schram no hätt och keng Intentioun virgeleeën, fir dem Enrico Lunghi ze schueden. Genee dat selwecht sot de Me Baulisch vu sengem Client: Och deen hätt ouni béis Absichte gehandelt a kee Coup géint den Enrico Lunghi wëlles gehat. D’Schneide vun engem Interview wier een normale Virgank, an d’Biller wiere kloer, esou den Affekot vum Marc Thoma. An dësem Prozess géif et och ëm d’Pressefräiheet goen, also ëm vill méi, wéi d’Fro no Schold.

De Vertrieder vum Parquet général huet, wéi hien dat schonn e Méinden ugedeit hat, allerdéngs d’Confirmatioun vum éischten Urteel gefrot, spréch eng Geldstrof vu jee 1.000 Euro fir d’Sophie Schram an de Marc Thoma, nieft dem Bezuele vum symboleschen Euro un den Enrico Lunghi.

Lauschterenplay_arrow