Radioen

On air

Concert Euroradio  |  Mozart, Beethoven a Mahler

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Sudan: Amnesty International fuerdert direkte Waffenembargo

5 Millioune Mënsche sinn akut ënnererniert

Sudan: Amnesty International fuerdert direkte Waffenembargo

Ee Joer nom Ufank vun de bluddege Kämpf am Sudan setzt sech Amnesty International fir ee Waffenembargo an. D’Mënscherechtsorganisatioun huet eng deementspriechend Campagne lancéiert.

auto_stories

1 min

© picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch
Foto: picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch

Den UN-Sécherheetsrot misst de Waffenembargo, dee fir déi westlech Regioun Darfur gëllt, op d’ganzt Land ausweiden, heescht et an enger Petitioun, déi e Méindeg zu Nairobi presentéiert ginn ass.

Millioune Mënschen an Nout kréichen den Ament guer keng Hëllef, esou een Dokter, dee virun e puer Wochen aus de Sudan geflücht ass. Nëmmen een Zéngtel vun de knapp fënnef Milliounen akut ënnerernierte Mënsche kéinten iwwerhaapt vun der humanitärer Hëllef erreecht ginn.