De Radiohead-, Atoms-for-Peace- an The Smile-Frontmann Thom Yorke huet de britteschen Downbeat-Elektroniker Mark Pritchard 2011 kennegeléiert, wou hien zwee Remixe vum Radiohead-Song "Bloom" gemaach hat. Fënnef Joer méi spéit gouf hien agelueden, um Pritchard sengem Track "Beautiful People" ze sangen, an huet de Gefale gär gemaach. Allerdéngs net, ouni sech ee wärend der COVID-Pandemie zeréck ze froen. "Scheck mer w.e.g. Musek, ech sinn doheem agespaart", esou de Wuertlaut vun enger E-mail vum Yorke un de Pritchard am Joer 2020, déi de Startschoss ginn huet fir "Tall Tales", deenen zwee hir nei Zesummenaarbecht.
Hin an Hir
20 Pritchard-Demoen hunn den Ufank gemaach fir eng sëlleg Echangë vun digitale Museksfichieren iwwert fënnef Joer, ier dem Thom Yorke seng melancholesch Stëmm an oft Orwellianesch-pessimistesch Wierder perfekt mam Pritchard senger akribescher Soundrecherche verschmolt waren. Extrem rar Instrumenter wéi Röhresynthesizer aus de 60er, oder selte Bolide wéi de Yamaha DX-1 huet de Pritchard dofir beméit, a Sounds geschaf déi deene vu Prosumer-Museksoftware à la Garageband a Logik esou wéineg änele wéi nëmme méiglech.
Trotzdeem schafen se ronderëm dem Yorke seng politesch bal lénks-radikal Reflexiounen iwwer de Social Media Zäitalter genee dee Labyrinth, deen dës brauch fir absolut a komplett verluer ze klengen. Ee puer Schong, an deenen ee schwëmmt, eng Eidelt, an där ee sech verléiert, ee Bedrängnes, aus dem een net eraus kann.
Wat ass wierklech, wat ass Attrapp?
Den Album fänkt mat "A Fake in a Faker's World" un, engem Stéck dat eng dystopesch Stëmmung setzt. Tracks wéi "Ice Shelf" an "Bugging Out Again" gi staark an eng ambient Richtung, a wierke wéi Filmmusik. Am Mëttelpunkt vum Album sti méi zougänglech Lidder wéi "Gangsters" an "This Conversation Is Missing Your Voice", déi retro-elektronesch Elementer mat Pop-Energie vermëschen.
Fir all dem nach eng Facett wieder ze ginn, huet de visuelle Kënschtler Jonathan Zawada, deen als inoffiziellen drëtte Member vum Projet gëllt, e Film geschaf, deen d'Museksvideoe vum Album enthält a matenee verbënnt. Dësen ergänzt déi klanglech Rees vum Album, änlech wéi déi kleng Bieren, Aliens a Meeting-People-Is-Easy Maskottchen, déi dem Thom säi Schafen duerch all Bands a Projete begleet hunn. E gouf an ausgewielte Kinoe weltwäit gewisen.
Eng klanglech Erfuerschung vun eiser Zäit
Zerebral, mental, a mat enger Zort Endzäitcourage, deen aus der Frustratioun gebuer ass, erfuerschen déi zwee Museker op "Tall Tales" d’Ängschten an d'Verwirrunge vun engem digitalen Zäitalter, an deem d'Fräiheet vum Eenzelen ëmmer manner Plaz huet, an deem dat Privat sech wéi ee Kaleidoskop zu engem Prisong, engem Labyrinth vervillfältegt, bis den Horizont fest verbaut de Bléck zeréck no banne forcéiert.
Dem Yorke seng introspektiv Lyrik an dem Pritchard seng experimentell spille matenee wéi d’Ariane an hire Fuedem. D’Monster ass ni wäit fort, eng gestaltlos Gefor, déi Deel selwer ass vum Labyrinth, an net nëmmen héierbar, mee fillbar ass. Et ass eng Rees duerch d’Emotiounen, déi d’Pandemie als Fënster op eis nei technologesch Entwécklungen ausgeléist huet, d’Invitatioun eng Welt ze akzeptéieren, déi ni méi déi selwecht wäert sinn, deenen hir tréischtend Sécherheete sech verléieren an engem Bësch vu Kopien a Reflektiounen.