Radioen

On air

Espresso Beats  |  Kurran Karbal - Begin Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Taxisfederatioun: Kooperatioun mat Uber ass eng Win-Win Situatioun

Kooperatioun tëschent Uber a Webtaxi

Taxisfederatioun: Kooperatioun mat Uber ass eng Win-Win Situatioun

Duerch d‘Kooperatioun mat WebTaxi déi gëschter virgestallt gouf kritt d‘Taxi-Plattform Uber Accès op de Lëtzebuerger Marché. Wärend d‘Taxisbranche der Plattform wéinst Dumpingspräisser an illegaler Konkurrenz ëmmer ganz kritesch géigeniwwer stoung, huet sech de Wand elo gedréint. Awer net bei allen Acteuren.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Uber | © Uber/Webtaxi play_arrow
Foto: Uber/emile weber

Et géif een domadder den Dausende vu Clienten entgéint kommen déi zum Beispill um Flughafen ukommen a gewinnt sinn, sech en Uber-Taxi online ze bestellen, erkläert den Emile Weber. Webtaxi gouf 2012 gegrënnt a war déi éischt Online Offer.

Méi Qualitéit an Transparenz

Et géif méi Qualitéit a méi Transparenz fir d‘Cliente ginn, verschidde faul an iwwerdeiert Äppel géifen elo méi opfalen. Fir d‘Chauffer selwer géif sech awer näischt änneren:

„All Persoun déi bei Webtaxi fiert ass en Detenteur vun enger Taxislizenz huet och d'Karten dat en däerf zu Lëtzebuerg Taxi fueren, also de Chauffer, an alles wat d'réglementation sociale betrëfft, déi sinn all ugemellt.“

Typesch Uber-Tariffer kënnen net applizéiert ginn

Uber ass bekannt wéinst senge bëllegen Tariffer, déi wäerten zu Lëtzebuerg aus praktesche Grënn awer net kënnen applizéiert ginn. Am Géigesaz zu Groussstied géif et dofir zu Lëtzebuerg ze vill Leerfahrte ginn.

„Fir déi nämmlecht Course vu 15 Minutten, wat fir de Client dat selwecht Erliefnes ass muss een zu Barcelona e Chauffer 15 Minutte bezuelen an e spuenesche Salaire, an zu Lëtzebuerg 35 Minutten no Lëtzebuerger Salaire. An do erkläert sech dann eben déi Präisstruktur déi anescht ass an Uber huet natierlech zu Lëtzebuerg déi selwecht Contrainten.“

Taxisfederatioun reagéiert positiv

Trotzdeem soll de Service am ganze Land zu konkurrenzfäegen Tariffer ugebuede ginn. Prezisioune ginn et hei awer nach keng.

D‘Taxisfederatioun déi bis elo éischter skeptesch war reagéiert positiv, wéi de Präsident Paulo José Leitao erkläert.

„C'est trés bon de voir que Uber était disponible à négocier avec le secteur et aussi que le secteur est disponible à négocier avec Uber.“

Den Accord mat Webtaxi wier deen éischten. De Paulo José Leitao ass awer iwwerzeecht, datt aner Bedreiwer dee selwechte Wee wäerte goen.

Den Ausschlag ginn hätt virun allem déi changéiert Taktik vun Uber. Et géif en net méi bestoend Entreprisë frontal attackéiere mee d‘Zesummenaarbecht sichen. Dat wier eng Win-Win Situatioun.

Colux mat Kritik

De Generaldirekter vu Colux Olivier Gallé gesäit dat allerdéngs anescht. Uber géif vill Verspriechen an net vill halen. Et géif just drëms goen, an de Locatiounsmarché eranzekommen.

"U sech hu se an deem Sënn elo mat enger, loosse mir soen offizieller Gesellschaft, sech e bëssen d‘Lach opgemaach fir och de Voitures de location d‘Méiglechkeet ze ginn, op deem Marché vum Taxi matzespillen. Uber ass bekannt, datt se hir Präisser zimmlech variéieren. Dat heescht mat Momenter kritt Dir vläicht een Auto fir fënnef Euro. Fir dee selwechten Trajet zu engem anere Moment bezuelt Dir 200 Euro dofir."

Et wier bekannt, datt se a ganz ville Länner schlussendlech méi deier wieren, wéi normal Taxien, esou den Olivier Gallé. 

Uber hätt natierlech e gewëssene finanzielle Pouvoir, och fir vill Marketing kënnen ze bedreiwen, mee op sech déi Verspriechen an der Realitéit géingen erëmfannen, dat wier eng aner Saach, mengt de Generaldirekter vu Colux.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit