Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UNICEF: Méi maache fir Kanner an der Famill ze behalen

Famill

UNICEF: Méi maache fir Kanner an der Famill ze behalen

Zu Lëtzebuerg waren am Oktober d’lescht Joer 1.461 Kanner placéiert, zwee Drëttel dovunner an enger Institutioun. Weider si 585 Kanner a Fleegefamille placéiert ginn. Bal d’Hallschent gouf vun enger Famill aus dem noen Ëmfeld vum Kand empfaangen.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

Famill | © Ioann-Mark Kuznietsov / Unsplash play_arrow
Foto: Ioann-Mark Kuznietsov / Unsplash

Zu Lëtzebuerg waren am Oktober d’lescht Joer bal 1500 Kanner placéiert, 60 Prozent dovunner an enger Institutioun. D’UN-Kannerhëllefswierk UNICEF kritiséiert dës Situatioun. An anere Länner ass de Prozentsaz u Kanner, déi an enger Famill betreit ginn, vill méi héich.

D'Kand muss Bindungen hirstelle kënnen

D’Institutioun gëtt do als lescht Léisung agesat, präziséiert d’Mireille Molitor, President vun der Fleege-Elterevereenegung.

"Dat heescht, a sou engem Fall, wou d’Preventioun net gräift, huet de Staat u sech d’Verflichtung an der Famille proche, also am Entourage vum Kand ze kucken, ob do iergendwou eng Persoun ass, eng Famill ass, déi d’Kand kann ophuelen. Wann dat net klappt, da muss eng Fleegefamill gesicht ginn, déi d’Kand am Virfeld nach net kannt huet. A réischt dann, wann all dës Mesuren net méiglech sinn, dierf ee Kand an ee Foyer placéiert ginn."

D’Liewen an enger Famill géif dem Kand ze gutt kommen a senger sozialer Entwécklung, seet de Paul Heber vun der UNICEF Lëtzebuerg. Wichteg wier et och, Alles ze ënnerhuelen, fir d’Placéierung nëmmen temporär ze envisagéieren, wann et nëmme geet, esou de Paul Heber.

“Wéi ëmmer am Liewen als Persoun, net nëmmen als Kand, wëlls de ee Lien etabléieren mat dëser Persoun, mat därs de do bass. An effektiv, wanns de an enger grousser Institutioun bass, dann hues de vläicht Leit, mat deenen’s du et méi schwéier hues, eng Bindung hirzestellen.”

Aner Situatioun am Ausland

Weider fält op, datt déi meescht Placementer vu Kanner iwwert d’Geriicht decidéiert ginn an net am Accord mat de concernéierte Famillen, wat am Ausland awer net de Fall ass, erkläert de Charel Schmit, Ombudsman fir d’Kanner a Jugendlecher.

"An eisen Nopeschlänner ass et u sech genau ëmgedréint, dat heescht datt do 20 bis 25 Prozent vun de Placement hunn, déi nach mussen iwwer ee Familljegeriicht geholl ginn. An datt eigentlech déi grouss Majoritéit vu Placement an Institutiounen oder a Fleegefamillen eigentlech iwwer ee fräiwëllege Wee iwwer d’Jugendämter geschitt."

D’UNICEF erhofft sech mam geplangte Jugendschutzgesetz méi Präveentioun duerch de neien Office national de l’enfance, deen eng Placéierung esou wäit ewéi méiglech soll évitéieren duerch ënnert anerem een ambulanten Suivi: An dat hätt sech verbessert seet de Charel Schmit.

"Dat wat awer immens entwéckelt ginn ass an de leschten zéng Joer sinn déi ambulant Hëllefen an de Famillen. An dat ass eigentlech dee richtege Wee, datt mir duerch ambulant Servicer Famillen ënnerstëtzen a stäerken."

Kee Recht op Congé parental

D’Placéierung vun de Kanner an de Famillen oder Fleegefamillen, heescht och nei Famillen ze mobiliséieren, mee duerch dat zukünftegt Gesetz kéim et zu Verschlechterungen, verschidde laangjäreg Fuerderunge géifen och net an uecht geholl ginn, präziséiert d’Mireille Molitor.

"Dat ass ganz sécher d’Autorité parentale, déi eis an Zukunft wäert fortgeholl ginn, wou mir just nach Acte usuel kënnen decidéieren, a keng Acte-non-usuel méi. Eis Pensiounsofsécherung gëtt gekierzt. D’Méiglechkeeten, sech géingt eng Decisioun ze wiere viru Geriicht, ass quasi op Null rofgeschrauft."

Fleegefamille kréien och just ee Congé d’accueil vun zéng Deeg a se hu kee Recht op de Congé parental, bedauert Mireille Molitor.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft