Radioen

On air

De Moien  |  Bullion - Affection

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Wéinst ëmstriddenen Texter: Concert vu Rapper Freeze Corleone verluecht

An der Rockhal

Wéinst ëmstriddenen Texter: Concert vu Rapper Freeze Corleone verluecht

Den ëmstriddene franséische Rapper Freeze Corleone wäert den Owend net an der Rockhal zu Esch-Uelzecht optrieden: säi Concert gouf verluecht, huet den Etablissement Public am spéide Moie matgedeelt. Een neien Datum gëtt et nach net.

auto_stories

3 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: Wikimedia Commons

Dem Rapper Freeze Corleone säi geplangte Concert vu gëschter zu Lille war verbuede ginn, wéinst ënner anerem Opruff zu Gewalt an Antisemitismus a verschiddene vu senge Lidder.

Decisioun zesumme mam Artist geholl

Et wier sënnvoll, datt säi Concert haut zu Esch net ass, esou op Nofro den Direkter vun der Rockhal Olivier Toth. 

Dës Entscheedung wier zesumme mam Artist Freeze Corleone geholl ginn, erkläert den Direkter vun der Rockhal, Olivier Toth.

"Mir hunn natierlech beobacht, wat am Frankräich geschitt ass, y compris och déi Decisioun vu gëschter a par rapport zum Concert vu Lille. An dunn huet et awer richteg geschéngt ze soe komm mir setzen dat do mol en attente."

Verschidde franséisch Prefekturen hate an de leschte Méint Concerte vum ëmstriddenen Artist Freeze Corleone wéinst Antisemitismus-Accusatioune verbueden.

Verschidden Optrëtter a Frankräich verbueden

D’Verwaltungsgeriicht zu Lille hat d’Entscheedung fir de Verbuet vum Concert vu gëschter zu Lille just Stonne virum Optrëtt validéiert. Och säin Optrëtt vu mar den Owend zu Lyon riskéiert verbueden ze ginn.

Den Direkter vun der Rockhal zu Esch seet, et wier “sënnvoll” de Concert, dee fir den Owend geplangt war, ze verleeën.

"Kuckt mol eng Kéier op der Säit vum Artist, wat am Moment do awer trotzdeem vun Diskussioune ronderëm sinn. Huelt Dir deen Artist, a setzt e viru Leit op ee Concert op déi Bün, fir dass en do soll seng Performance bréngen. Ech mengen, dass dat net reellement denkbar ass."

Keng Sécherheetsbedenken

Och logistesch Consideratiounen hätten eng Roll gespillt, seet den Olivier Toth. Sécherheetsbedenken hätten et awer keng ginn.

"D’Sécherheetsconsideratiounen, do kann een Moyenen en place setzen an ech mengen, dass déi assuréiert gewiescht wieren."

Verdacht op Verherrlechung vum Terrorismus

De Parquet zu Nice hat rezent eng preliminär Enquête géint de Freeze Corleone opgemaach, wéinst Verdacht op Verherrlechung vum Terrorismus am Kontext vum Attentat 2016 zu Nice mat 86 Doudegen.

De Concert mat bis zu 6.000 Spectateuren an der Rockhal war am Mee d’lescht Joer ugekënnegt ginn.

D'Rockhal gesäit sech als Etablissement Public och an der Verantwortung, mat Suergfalt Kënschtler eraus ze sichen.

Kulturministère mécht sech net an Programmatioun an

Och de Kulturministère huet confirméiert. De Ministère géif sech aus Prinzip net an d’Programmatioun vun de Kulturhaiser amëschen.

Falls am Kontext vun enger Meenungsäusserung géint rechtlech Dispositioune verstouss gëtt, wier et un der Justiz, déi néideg Schrëtt ze ënnerhuelen, huet de Kulturministère eis geschriwwen.

De Ministère wier natierlech permanent mat all senge Kulturinstituter an Établissements publics am Austausch.