Radioen

On air

Espresso Beats  |  Kasabian - Call (Solomun Remix)

play_arrow Live
search

/ D’CGFP weist sech oppe fir eng Steierreform an e puer Etappen

Staatsbeamtegewerkschaft

D’CGFP weist sech oppe fir eng Steierreform an e puer Etappen

D’Staatsbeamtegewerkschaft CGFP ass der Meenung, datt d’Stéit steierlech mussen entlaascht ginn, och wann déi lescht Zuelen drop hindeiten, datt den Defizit am Staatsbudget méi grouss ass, wéi virun de Wale geduecht.

auto_stories

2 min

Foto: Jo Diseviscourt

 

D’Staatsbeamtegewerkschaft CGFP weist sech oppe fir eng Steierreform an e puer Etappen. Den CGFP-President Romain Wolff sot hei op der Antenn, hie weist net op et am Moment méiglech wier, eng ergräifend Steierreform an engem Coup ëmzesetzen. Hie kéint dofir virstellen, datt déi nei Regierung d’Stéit an e puer Etappe steierlech entlaascht, fir ze verhënneren, datt ze vill e grousst Lach am Staatsbudget entsteet.

“Ech ginn dovun aus, datt eng nei Koalitioun dat eventuell och esou gesäit. An dofir emol fir t’éischt kuckt, wat geet, a wat nach net geet, an da mat eppes ufänkt. Ech denken do zum Beispill un eng Steierklass 1A, déi eigentlech misst verschwannen. Dat wier einfach, a vill Parteien haten dat jo souwisou an hire Programmer dran."

Dat kéint een dann etappeweis maachen, esou wéi d’Finanzen dat zu deem Ament zouloossen, huet de Romain Wolff erkläert.

Romain Wolff: D'Leeschtunge vun haut net zeréckfueren

Fir d’CGFP kënnt iwwerdeems net a Fro, datt een d’Sozialleeschtunge méi selektiv mécht fir de Staatsbudget an den Equiliber bréngen.

“Mir kënne stolz sinn op dee Staat, dee mir hunn, an och op déi Sozialleeschtungen, déi mir hei zu Lëtzebuerg hunn. A mir sollen dat wann-ech-gelift esou bäibehalen."

Et soll also näischt geännert ginn. Och Leeschtungen zeréckfuere fir déi Leit, déi vill verdéngen, kéim fir d'CGFP net a Fro.

"Also, mir sinn eng Gewerkschaft, an d’Gewerkschaften si jo net do fir ze fuerderen, datt d’Leeschtungen zeréckgefuer ginn. Ech soen et nach eng Kéier: Déi Leeschtungen, déi haut do sinn, déi sollen zumindest bäibehale ginn.”

Wann et an esou eng Richtung géif goen, da géif d'Gewerkschaft och dorop reagéieren, betount de Romain Wolff. 

“Mir géingen natierlech reagéieren, mee Dir wësst: Mir hunn am Moment nach keng nei Regierung. Si sinn nach a Koalitiounsverhandlungen. A mir ginn dëser Regierung natierlech, wa se dann eemol do ass, eng Chance an da kucke mir eemol, wat déi éischt Aktioune sinn, déi se dann hëlt.”

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Politik a Gesellschaft