Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - All Written Out In Numbers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ArcelorMittal Belval: Ze vill Stëbs a Kaméidi

Intresseveräin Bruch

ArcelorMittal Belval: Ze vill Stëbs a Kaméidi

Kaméidi an der Nuecht, wäisse Stëbs op den Terrassen an Autoen, an heiansdo ee Geroch vu geschmoltem Plastik. An de westleche Quartiere vun Esch ass een net frou iwwer dat, wat d‘Stolwierk Belval esou vu sech gëtt. Zesumme mat der Ëmweltverwaltung soll elo no Léisunge gesicht ginn.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow
De Francis Hengen vum Intresseveräin Bruch. (Foto: Jacuqes Ganser)

Um Donneschdegowend wëll den Intresseveräi Bruch am Escher Stadhaus iwwer d'Problematik informéieren.

D‘Haaptacteuren ArcelorMittal an d'Ëmweltverwaltung wäerten dann allerdéngs net dobäi sinn, dat mat Verweis op déi spéit Invitatioun an op den Datum vum 25. Januar: da wäerte sech déi betraffe Säite souwisou gesi fir iwwer eventuell Léisungen ze schwätzen. Dat dauert dem Francis Hengen allerdéngs vill ze vill laang, ëmmerhi besteet de Problem an der aktueller Form schonn zanter 1998.

"Dat éischt ass emol d'Schaltplaz. Si loosse Saache falen, dat héiert een immens gutt, dat ass Metall dat op Metall fält, dat si grouss Geräischer. Si loossen awer och aner Stécker falen: Schrott an d'Waggone fale loossen. Et ass net permanent, mee dëse Summer war et einfach eng Katastroph."

Nieft dem Kaméidi ass et och renge Stëbs, deen d‘Leit aus dem Quartier opreegt.

"Jo, och datt een nuets muss d'Fënster zou maachen an och den Dreck deen erof fält, op d'Autoen zum Beispill. Heiansdo mengt een, et wier Schnéi, an dann ass et just Dreck."

Et geet net séier genuch virun

De Problem ass wéi gesot zanter méi laangem scho bekannt an déi verschidde Säite ware méi dacks scho mateneen am Gespréich. Sou konnten d‘Vertrieder vum Interesseveräin sech am Wierk selwer e Bild vun der Situatioun maachen.

"Also et ass esou, datt mir jo och invitéiert waren als Interesseveräin, eng Visite des Lieux, an do mierkt een, dass si natierlech och drun interesséiert sinn, wat mir direkt hei an der Noperschaft héieren an si sinn och wëlles. Mee eis Meenung ass, datt et net schnell genuch viru geet."

Den Interesseveräin huet doropshin eng Rei vu konkrete Virschléi gemaach, ënner anerem wat d‘Auerzäiten an d‘Prozedur vum Beluede vun de Waggone mat Stolproduiten ugeet. Dat selwecht gëllt fir de Schrott ëmzelueden. Hei wieren dem Interesseveräin no Geräischpegel vun iwwer 70 Dezibel erreecht ginn, erlaabt sinn nuets awer nëmme 45 Dezibel.

Et leeft e reegelméissege Monitoring vum Wierk fir ze kucken, op d‘Kommodo-Oplagen agehale ginn, erkläert den Direkter vun der Ëmweltverwaltung Luc Zwank.

"Grosso modo sinn déi Wäerter, déi gemooss ginn, déi rapportéiert ginn agehalen, et ginn och ëmmer erëm Iwwerschreidungen. Do gëtt da probéiert ze reagéieren. Dat ass ebe genau sou och elo beim Kaméidi, do wou ArcelorMittal jo och scho mat Leit nach eng Kéier op de Site gaangen ass fir ze kucken, wou méiglech Geräisch- oder Kaméidissourcë sinn."

D'Erschaffe vun engem Moossnamekatalog

Entwarnung gëtt de Luc Zwank beim Stëbs: et handelt sech hei ëm Schlakestëbs, deen net direkt toxesch ass. Och hei géing ArcelorMittal un enger Léisung schaffen. Wichteg wier awer, datt ee mat de verschiddene Säite weider am Gespréich géing bleiwen.

De Stolkonzern huet dann och intern Instruktioune ginn, wéi verschidden Ofleef kënnen ugepasst gi fir Kaméidisspëtzten ze verhënneren. Dem Escher Scheffen Meris Sehovic no géif een als Stad Esch d‘Suerge vun de Bierger op jiddferfall eescht huelen.

"An der Suite vu verschiddenen Doleancen aus de leschte Wochen a Méint sinn et och Echange ginn tëschent der Ëmweltverwaltung an ArcelorMittal, an datt u sech e Moossnamekatalog erschafft ginn ass, fir eben am Produktiounsprozess verschidde Saachen ze adaptéiere mam Zil, fir an Zukunft manner Nuisancen ze hunn."

De 25. Januar ass déi nächst Reunioun vun Interesseveräin, Ëmweltverwaltung, Stad Esch an ArcelorMittal. Vu Neel mat Käpp misst een an der Branche eigentlech eppes verstoen.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Ëmwelt