Gezeechent - d'BD vum Mount
Frank Schmolke, Nachts im Paradies
8 min
De Frank Schmolke ass laang Joren zu München nuets Taxi gefuer. Seng Erliefnesser huet hien a senger zweeter Graphic Novel "Nachts im Paradies" verschafft.
Si erzielt d'Geschicht vum fofzeg Joer ale Vincent Kutscher, deen dagsiwwer u sengem Roman schafft an nuets seng Suen als Taxichauffer verdéngt. Et ass grad Oktoberfest zu München, sou datt de Vincent u sech liicht Spill sollt hunn. Mee hien huet vill Pech mat senge Clienten a geréit no a no an ëmmer méi onwahrscheinlech Aventuren.
Do, wou d'Graphic Novel ganz niichter trivial Virfäll aus dem Vincent sengem Liewen als Taxichauffer weist, wierkt dat immens authentesch. Dozou droen och dem Frank Schmolke seng graff, schwaarz-wäiss Zeechnunge bäi. Mee wou de Vincent bis an d'Welt vun der organiséierter Kriminalitéit erofrutscht, gëtt dat Ganzt zu enger relativ konventioneller Raibergeschicht.
Als Bléck op déi donkel Säit vun enger Stad, déi en éischter sonnege Ruff huet, lount sech dem Frank Schmolke säin "Nachts im Paradies". Mee d'Graphic Novel ass kloer do am beschten, wou se um Buedem bleift, mengt de Jeff Thoss.
Frank Schmolke, Nachts im Paradies, Edition Moderne, ISBN 978-3037311851, 250 Säiten, 29,80€.