Gezeechent - d'BD vum Mount
Aisha Franz - Work-Life-Balance
7 min
D'Aisha Franz gehéiert mëttlerweil zu den etabléierte Stëmme vum däitschen Indie-Comic. A hirer véierter Graphic Novel, "Work-Life-Balance", déi grad am Reprodukt Verlag erauskoum, setzt sech d'Zeechnerin op witzeg a bësseg Aart a Weis mat der moderner Aarbechtswelt auserneen an de Problemer, fir d'Aarbechtsliewe mam Privatliewen ze verbannen, respektiv dovun ze trennen. De Comic spillt an enger Stad, där hiren Numm net genannt gëtt, an engem Milieu vu jonken, sougenannte kreative Mënschen, déi um Ufank vun hirer Karriär stinn an eppes erreeche wëllen, dobäi awer séier op Hindernisser stoussen.