arrow_back_ios
Gezeechent - d'BD vum Mount
Lewis Trondheim - 31 juillet
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
Schonn iwwer honnert BDen an alle méigleche Genren huet de Lewis Trondheim verëffentlecht. Säin neisten Album nennt sech "31 juillet" a koum am Paräisser Verlag L'Association eraus, deen den Zeechner virun iwwer drësseg Joer matgegrënnt huet. Et ass deen aachte Band vun enger Serie mam Titel "Les nouvelles aventures de Lapinot", mee, wien déi éischt siwe Bänn verpasst huet, ka berouegt sinn: et muss een näischt doriwwer wëssen, fir dës kuerz BD mat 56 klengformatege Säiten ze liesen.
Kultur