Radioen

On air

Notturno  |  Pinkshinyultrablast - Ravestar Supreme

play_arrow Live
arrow_back_ios

Gezeechent - d'BD vum Mount

100komma7.lu / Gezeechent - d'BD vum Mount

/ Ugo Bienvenu: Préférence système

Ugo Bienvenu: Préférence système

headphones

13 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

"Préférence système" vum Ugo Bienvenu spillt an enger noer Zukunft, an där d'Mënschheet esouvill Date produzéiert, datt net méi alles gespäichert ka ginn. Den Yves schafft an der Institutioun, déi dofir verantwortlech ass, al Filmer a Literatur ze läschen, well se net méi genuch Leit interesséieren a duerch d'sozial Medien all Dag eng Onmass un neie Saache produzéiert gëtt. Den Yves ass en heemleche Rebell; hie wëllt d'Wierker erhalen a verstoppt se dofir an der Memoire vun engem Roboter, deen hien doheem huet. Dee Roboter ass och d'Leihmutter vum Kand, dat den Yves a seng Fra erwaarden. Iergendwa flitt hien op a muss mat senger Famill flüchten. An der zweeter Hallschent dréit sech villes ëm de Personnage vum Roboter, deen dat nei Liewen a sech dréit, geneesou wéi vill Klassiker vun eiser Kultur.

D'Science-Fiction BD entwërft e Gedankespill iwwer de Wäert vun der Kultur a freet, ob a wéi mir wëllen eis Geschicht tradéieren. Et ass e sozialkritescht Wierk, mat Bezuch op d'sozial Medie sécherlech e bësse plakativ." Préférence système" ass souverän opgebaut an erzielt, och an der Aart, wéi et sech selwer an der Science-Fiction-Traditioun placéiert, mat klore Referenzen op dem Orwell säin "1984" an dem Kubrick säin "2001". Grad an der zweeter Hallschent entwéckelt d'BD eng grouss poetesch Kraaft an ass mat Momenter ganz beréierend, wat ee vläicht net erwaart. Stilistesch erënnert d'Buch u Superheldecomicken aus den 80er. De relativ konventionelle Stil mat deels kitscheger Koloratioun ass sécherlech eng Schwächt vum Comic. Trotz den almoudeschen Zeechnunge funktionéiert d'BD awer a lount sech wéinst hirem Bléck op den information overload vun eiser Gesellschaft.

Kultur

Episoden

Grouazel/Locard - Révolution, II. Égalité

Grouazel/Locard - Révolution, II. Égalité

Matten an der Geschicht: 2019 hunn de Florent Grouazel an de Younn Locard den éischte Band vun hirer Trilogie iwwer d'Franséisch Revolutioun erausbruecht. Elo koum d'Suite eraus.
headphones

7 min

play_arrow
Liv Strömquists - Astrologie

Liv Strömquists - Astrologie

Déi schweedesch Zeechnerin ass duerch hir feministesch Essaien bekannt ginn. An hirem neiste Comic beschäftegt si sech mat engem iwwerraschende Sujet: der Astrologie.
headphones

8 min

play_arrow
Lewis Trondheim - 31 juillet

Lewis Trondheim - 31 juillet

Deen aachte Band vun enger Serie mam Titel "Les nouvelles aventures de Lapinot", mee et muss een näischt doriwwer wëssen, fir dës kuerz BD mat 56 klengformatege Säiten ze liesen.
headphones

7 min

play_arrow
Deena Mohamed - Your Wish Is My Command

Deena Mohamed - Your Wish Is My Command

E modernt Märchen aus Ägypten vun enger ägyptescher Zeechnerin Deena Mohamed, dat mat an e modernt Kairo hëlt.
headphones

7 min

play_arrow
Stockhausen - "Der Mann, der vom Sirius kam"

Stockhausen - "Der Mann, der vom Sirius kam"

D'Liewe vum Karlheinz Stockhausen als Comic. Am Zentrum steet d'Faszinatioun déi den Auteur vu senge fréien Teenagerjoren u mat der Musek vum Avantgarde-Komponist hat.
headphones

8 min

play_arrow
Eva Müller - Scheiblettenkind

Eva Müller - Scheiblettenkind

Iwwer d'Opwuessen an enger däitscher Aarbechterfamill a dovun, wéi Klassementalitéit a sozial Ënnerscheeder d'Heldin hiert ganzt Liewe laang begleeden a beschäftegen.
headphones

7 min

play_arrow
Jean-Marc Rochette - La Dernière Reine

Jean-Marc Rochette - La Dernière Reine

Zeréck zur Natur: Eng Koppel stemmt sech an den Alpe vum fréien 20. Joerhonnert géint de Fortschrëtt a wierkt an hirer Anti-Modernitéit heiansdo ganz modern.
headphones

7 min

play_arrow
Kate Beaton, Ducks: Two Years in the Oil Sands

Kate Beaton, Ducks: Two Years in the Oil Sands

En autobiographescht Wierk iwwer der Kënschtlerin hir Zäit an der kanadescher Uelegindustrie an déi sëllege Forme vun Exploitatioun, déi si do erlieft huet.
headphones

7 min

play_arrow
Bastien Vivès - Dernier week-end de janvier (Casterman)

Bastien Vivès - Dernier week-end de janvier (Casterman)

Eng Léift um Comicfestival: dem Bastien Vivès seng neiste BD erzielt mat spuersame Mëttele vun enger onwarscheinlecher Libesgeschicht am Comicmilieu, déi sech bal net ze erkenne gëtt.
headphones

7 min

play_arrow
Hamed Eshrat - Coming of H

Hamed Eshrat - Coming of H

Kiffen a Sprayen an der Provënz: eng Migratiounsgeschicht mat der Geschicht vun enger Jugend an den 1990er Joren. Souverän erzielt, awer ouni grouss Iwwerraschungen.
headphones

8 min

play_arrow
Pierre-Henry Gomont, Slava, 1: Après la chute

Pierre-Henry Gomont, Slava, 1: Après la chute

De Pierre-Henry Gomont hëlt eis mat zeréck an d'Russland vun den Nonzeger, wou de Kommunismus grad zu Enn gaangen ass a sech d'Gesellschaft nei organiséiert.
headphones

7 min

play_arrow
Quentin Zuttion, La Dame blanche

Quentin Zuttion, La Dame blanche

En originelle Bléck op d'Aarbecht am Altersheem: De Quentin Zuttion huet sech an de leschte Jore mat sensibele Bicher zu aktuellen Theemen en Numm gemaach.
headphones

6 min

play_arrow
Birgit Weyhe, Rude Girl

Birgit Weyhe, Rude Girl

E Liewen tëschent Baseball, Ska a Brecht: eng faszinéierend Biografie mat spillereschen Iwwerleeungen zum Theema Representatioun
headphones

7 min

play_arrow
Zep - Ce que nous sommes

Zep - Ce que nous sommes

Just e Gehier an engem Tank? Gutt gezeechent, awer ganz konventionell Science Fiction
headphones

7 min

play_arrow
Elizabeth Holleville - Immonde!

Elizabeth Holleville - Immonde!

Den Horror lauert an der Industriezon: An hirer zweeter BD erzielt d'Elizabeth Holleville vun dräi Teenageren, déi komesche Virfäll an enger klenger elsässescher Industriestad noginn.
headphones

7 min

play_arrow
Aisha Franz - Work-Life-Balance

Aisha Franz - Work-Life-Balance

A hirer véierter Graphic Novel setzt sech d'Zeechnerin op witzeg a bësseg Aart a Weis mat der moderner Aarbechtswelt auserneen an hire Problemer.
headphones

7 min

play_arrow
Héctor Germán Oesterheld/Alberto Breccia/Enrique Breccia - Life of Che

Héctor Germán Oesterheld/Alberto Breccia/Enrique Breccia - Life of Che

En argentinesche Bléck op den Che Guevara
headphones

7 min

play_arrow
Lara Swiontek - Verwandlung

Lara Swiontek - Verwandlung

Ee Märche fir Erwuessener, déi éischt Graphic Novel vun der däitscher Kënschtlerin an Illustratorin
headphones

7 min

play_arrow
David Sala - Le Poids des héros

David Sala - Le Poids des héros

Dat neit Wierk vum franséischen Zeechner geet nees an eng éischter literaresch Richtung. Et ass e Familljeportrait vum Auteur, vu senger Kandheet a Jugend.
headphones

6 min

play_arrow
Jennifer Daniel, Das Gutachten

Jennifer Daniel, Das Gutachten

De Wehrmachtszaldot an d'RAF-Symphatisantin: d'Jennifer Daniel hëlt eis mat zeréck an d'Bonn vun de Siwwenzegerjoren.
headphones

7 min

play_arrow