Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Summer Groove

Summer Groove

De Summer 2020 groovt mat Neiverëffentlechungen, wéi déi vu Skinshape sengem Album "Umoja", mat der fetzeger Dance-floor Cadence vun 1978 an der Compil Disques Debs International, déi Rhythmen aus der Guadeloupe an Haiti mat engem Latino Piano an Afro-Vibes verbënnt.


Eng nei Pärel aus dem Ethio-Jazz ass den Album "To Know Without Knowing" vum Mulatu Astatke zesumme mat The Black Jesus Experience, eng eklektesch Formatioun vu Melbourne mat Memberen aus verschiddene Kulturen, déi den Jazz mam äthiopeschen Ierwen, dem Hip-Hop an enger ganz eegener Ästheetik erklénge loossen.


Um Schluss vun der Emissioun e kuerzen Ofstiecher an de Rock/Pop bei den Album "Beyond the Pale", bei deem mer en inspiréierten Jarvis Cocker (Pulp) erëm héieren, d'Post-Punk Band Protomartyr vun Detroit ass derbäi an den Jonathan Bree mat senger Aktualitéit After the Curtains Close.


Playlist:



Skinshape - Sua Alma (feat. Dalma) - Umoja 2020

Midnight Groovers - Stranger - Disques Debs International Vol. 2 2020

Guadafrica Combo - Moin Ce Roi Roi - Disques Debs International Vol. 2

Mulatu Astatke & Black Jesus Experience - To Know Without Knowing - To Know Without Knowing 2020

Mulatu Astatke & Black Jesus Experience - A Chance to Give - To Know Without Knowing

Mulatu Astatke & Black Jesus Experience - Blue Light - o Know Without Knowing

JARV IS... - Save the Whale - Beyond the Pale 2020

JARV IS... - Must I Evolve? - Beyond the Pale

Protomartyr -The Aphorist - Ultimate Success Today 2020

Jonathan Bree - In the Sunshine - After the Curtains Close 2020


Episoden

All Lives Matter!

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.
headphones

56 min

play_arrow

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow