Radioen

On air

E-Lodie  |  Sons of Melancholia - Neon EVM

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ All Lives Matter!

All Lives Matter!

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.


De Shay Hazan ass e Bassist a Produzent vun Tel-Aviv deen de Jazz, Hip-hop, d’Gnawa an d’Electro matenee verwieft. Eng vun den Decouvertë vun haut.


‘Black Lives - from Generation to Generation’ ass e Kollektiv vu Museker déi iwwert de Wee vun hirer Musek d’Recht op sozial Gläichstellung a Gerechtegkeet fuerderen. E flotte Recueil mat villen nach net esou bekannten Nimm.


Ugangs dëst Joer koum de neien Album vun The Mercurials eraus, e Grupp vu Montreuil, haut mat engem neien Extrait vun hirer Aktualitéit ‘Tend The Fire’.


D’Rosettes, och nach bezeechent als d’Khruangbin aus dem Norden ass e Sextett vun Helsinki mat Memberen di verschidde musikalesch Background’en hu mat awer der gemeinsamer Passioun fir d’ Soul.


Haut och e Virgeschmaach op de neien Album vum Breton Brieg Guerveno. Dëse gëtt ugekënnegt mat 2 Titelen déi elo schonn disponibel sinn. ‘Un Noz A Vo’ ass säi 5. Disk dee villäicht eng e bëssen däischter Melancholie erklénge léist dofir awer an d’Déifte vum Auteur sengem Univers virdréngt. Influenzéiert vun The Cure, Sigur Ros an Anonhi.


Playlëscht:

Shay Hazan - A Walk in Dir El - Assad - Wusul

Shay Hazan -Dew - Wusul

David Gilmore & Marque Gilmore - We Are Here (feat. Sharrif Simmons) - Black Lives - from Generation to Generation

Reggie Washington, Oliver Lake & DJ Grazzhopp - Pre-Existing Conditions - Black Lives - from Generation to Generation

Adam Falcon - Colored Man Singin' The Blues! - Black Lives - from Generation to Generation

dEUS - Quatre Mains - Following Sea

Freedom Candlemaker - Αstral Body - Αstral Body

The Mercurials - Omnia Sunt Communia - Tend the Fire

Spock - Pilipuka Riddim - A Disaster Relief Compilation

Brooke Combe - Dancing At The Edge Of The World - Dancing At The Edge Of The World

Rosettes - Spirals - Lifestyles

Marinero - Die Again, Yesterday - La La La

Labi Siffre - I Got the... (2006 Remastered Version) - Remember My Song

Brieg Guerveno - Kalon Flamm - Un Noz A Vo

Portico Quartet - Monument - Monument

Episoden

All Lives Matter!

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.
headphones

56 min

play_arrow

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow