Gezeechent - d'BD vum Mount
"Peau d'Homme" vun Hubert & Zanzim
0 min
"Peau d'Homme" spillt an der Renaissance an erzielt awer eng Geschicht fir eis Zäit. D'Handlung kéint direkt aus enger Shakespeare-Comédie sinn: D'Bianca soll den Giovanni bestueden, dee si kaum kennt. Fir scho virun der Hochzäitsnuecht ze wëssen, op wat si sech aléisst, léint him seng Tatta eng "peau d'homme", eng Männerhaut, déi een undoe kann a mat där een dann no bausse wéi e Mann ausgesäit.
Esou verkleet ka sech d'Bianca dem Giovanni op all deene Plaze rapprochéieren, wou si als Fra normalerweis net hin dierf. Séier kommen sech déi zwee méi no, mee d'Bianca mierkt och, datt den Giovanni sech souwisou éischter fir Männer interesséiert.
D'Spill mat de Geschlechterrollen notzen de Zeenarist Hubert an den Zeechner Zanzim fir vill humorvoll Situatiounen, mee si ginn nach e Schrëtt weder: Zesumme mam Giovanni entdeckt Bianca eng queer Subkultur a sengem italieenesche Stiedchen a gëtt zu enger LGBT-Aktivistin avant la lettre.
Mat den helle Faarwen an de kloren Zeechnunge vum Zanzim gëtt "Peau d'Homme" zu enger liewensfrouer, erfrëschender BD, mat Momenter e bëssi plakativ, mee ni ouni Charme a Witz, fënnt de Jeff Thoss.