Radioen

On air

9 bis 1  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ To Know Without Knowing

To Know Without Knowing

- Mulatu Astatke & Black Jesus Experience, de Kollektiv vu Melbourne an de 76 Joer jonken Astatke spillen Hochzäitslidder, potische Rap a cross-kontinental Fusioune mat engem oppenen Ouer fir allméiglech Hybride Kläng. Den äthiopeschen Multiinstrumentalist a Komponist Mulatu Astatke schaaft mam Album "To Know Without Knowing" op en Neits eng faszinant Alchimie.


- Den Utuk Ubong Sänger, Trompettist a Komponist aus Nigeria huet dëst Joer den Album "Africa Today" verëffentlecht. Hien huet en eegene Stil erschafen, deen hien Earth Music nennt a kombinéiert Elementer aus dem Afrobeat, aus dem Highlife an aus dem Jazz. Gläichzäiteg gi rituell Perkussiounen aus dem Ekombi Styl integréiert. D'Resultat ass eng Energie-geluede Musek ëmmer mat engem spirituellen an och politeschen Inhalt.


- Eng vun den Decouverten dëst Joer ass den Afro-Jazz Kollektiv Spaza vu Johannesburg. Hiren Album "Uprize!" ass och d'BO vum Documentaire mam selwechte Numm. De Film setzt sech ausenaner mat den Onroue vu Soweto aus dem Joer 1976.


- Déi kroatesch Formatioun Nemanja léist op hirem Album "Tarot Funk" mat all Lidd eng musikalesch Ausernanersetzung mat de verschiddenen Tarotkaarten erkléngen ...


- "Idiot Prayer" ass e Concert-Film an e Live Album vum Nick Cave. E gouf am Juli dëst Joer ausgestraalt, fir déi, déi Ticketen haten. Gefilmt huet de Robbie Ryan den Nick Cave elng um Piano am Alexandra Palace zu London. Och wann dëst als e "one time event" virgesi war, esou gouf "Idiot Prayer" elo de 5. November fir d'Kinoen zougänglech gemaach a koum als Live Album dësen 20. November eraus.


Playlist:



Mulatu Astatke & Black Jesus Experience - Blue Light - To Know Without Knowing

Etuk Ubong - Spiritual Change - Africa Today

Sharon Jones & The Dap-Kings - This Land Is Your Land - Just Dropped In (To See What Condition My Rendition Was In)

Ignace de Souza & The Melody Aces - Asaw Fofor - African Scream Contest 2 (Analog Africa No. 26)

Raphael Saadiq - Good Man - Stone Rollin'

The Three Sounds - Black Sugar - Soul Symphony

SPAZA - We Got a Lot a Work to Do (feat. Nonku Phiri, Malcolm Jiyane, Gontse Makhene & Ariel Zamonsky) - UPRIZE!

Nemanja - Lovers - Tarot Funk

Yello - Rubberbandman - Essential Yello

TaxiWars - Drop Shot - Artificial Horizon

Nick Cave & The Bad Seeds - The Mercy Seat (Live at Alexandra Palace, 2020) - Idiot Prayer (Nick Cave Alone at Alexandra Palace)

PJ Harvey - The Wind - Is This Desire?

Norah Jones - Flame Twin - Pick Me Up off the Floor

9bach - Heno - Anian


Episoden

All Lives Matter!

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.
headphones

56 min

play_arrow

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow