Radioen

On air

Notturno  |  Mike Polizze - Wishing Well

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Oneness

Den Henry Darger war en amerikanesche Schrëftsteller a Kënschtler, deen zeréckgezu gelieft huet. Den Text, deen am Album "Outsider" traitéiert gëtt, ass 50 Joer al an erzielt vu Kanner, déi maltraitéiert ginn. Et ass fir d'éischt, datt dësen Text a Musek ëmgesat gëtt. De Philippe Cohen Solal kenne mer vun der Formatioun Gotan Project, déi hie gegrënnt huet. Zesumme fir dëse Projet ass hie mam Mike Lindsay vun Tunng, eng englesch Formatioun, déi éier se de Folk mat der Electro verbonnen hunn, Musek fir Puben a soft-Pornoe produzéiert hunn.


Déi englesch Tindersticks, Grupp déi zanter 1993 hiren eegene Stil fleegt an hir Aarbecht als Konschtprojet versteet. Wärend aner Formatiounen aus där Zäit sech dem populäre Britpop higinn hunn an haut vun der Bildfläch verschwonne sinn, hunn d'Tindersticks de Choix getraff sech selwer ze sinn, "Distractions" heescht hiren neien Album.


De Label Strut huet viru Kuerzem eng Anthologie mat 24 Lidder vun Oneness of Juju verëffentlecht: "African Rhythms 1970-1982" iwwerschriwwen. Oneness of Juju, am Ufank kuerz als Juju bekannt, gouf 1971 zu San Francisco gegrënnt vum Saxofonist James "Plunky" Branch, en aktive Member vun der Avant-garde Jazzzeen.


Den amerikaneschen Jazzmuseker (Pianist, Organist, Sänger) awer och Musekswëssenschaftler, Journalist a Produzent Ben Sidran huet tëschent zwou Pandemie-Explosiounen zesumme mat sengem Fils Leo, Multiinstrumentalist an e puer Gaaschtinvitéen eng nei Ep opgeholl.


Op sengem leschten Album "Border Patrol" sëtzt de Farees sech a fir Gerechtegkeet a Mënscherechter an invitéiert Calexico fir en Titel.


LaBulKrack ass eng franséisch Formatioun ronderëm de Komponist a Gittarist Hugo Bernier. Bis zu 35 Museker, jee no Geleeënheet, sinn hei derbäi.


Sech nokommen, wiermen a sech upaken. Et muss ee sech upaken, well d'Hänn kënnen heelen, dëst suggeréiert eis de Ballaké Sissoko an Oxmo Puccino, déi eis domadder de Schlëssel vun hirem Liewenswee matginn. Ballaké Sissoko, de Kora-Meeschter aus Mali, zesumme mam franséische Rapper Oxmo Puccino, och am Mali gebuer, hire gemeinsamen Titel "frotter les mains" symboliséiert hir bridderlech Léift tëschent Paräis a Bamako. Ze fannen als Single oder um leschten Album "Djourou" vum Ballaké Sissoko.


Playlist:



Yelli Yelli - Nedjma - La violence est mécanique

Delvon Lamarr Organ Trio - Aces - I Told You So

Chicken Grass - Snakebites (feat. Princess Shaw) Snakebites Single

Philippe Cohen Solal & Mike Lindsay - Hark Hark, My Friend, Cannon Thunders Are Swelling (feat. Adam Glover & Hannah Peel) - Outsider (feat. Adam Glover)

Philippe Cohen Solal & Mike Lindsay - Scattering the Fierce Foeman (feat. Adam Glover & Hannah Peel) - Outsideindersticks - Lady with the Braid - Distractions

Oneness of Juju - Be About the Future - African Rhythms 1970-1982

Ben Sidran - The Blues Is the Bottom Line - Who's the Old Guy Now

Farees - Y'all Don't Know What's Goin On (feat. Calexico) - Border Patrol

Olivier Laisney & Yantras - Spiral Down (feat. Mike Ladd)- Monks of Nothingness

José González - El Invento

LaBulKrack - Grand voile - Cumbia Bamako

Ballaké Sissoko - Frotter les mains (feat. Oxmo Puccino)

Ignace de Souza & The Melody Aces - Asaw Fofor - African Scream Contest 2 (Analog Africa No. 26)


Episoden

All Lives Matter!

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.
headphones

56 min

play_arrow

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow