Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Riding For The Feeling

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Brighter Days Ahead

Brighter Days Ahead

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

D'New Yorker Sängerin an Aktivistin Danielle Ponder huet sech zesumme gedinn mam cinematic soul Outfit Karate Boogaloo vu Melbourne fir zwee Titelen, eng vun de flotten Decouverten dës Woch!


Iwwer di lescht 8 Joer huet déi New Yorker Formatioun Ikebe Shakedown hir Reputatioun als eng vun de kreatiivsten Instrumental-Gruppen zementéiert, andeems se Soul, Afro-Funk, Disco an en irresistibele Groove mateneen verbannen an esou hire ganz eegene Stil geschaaft hunn.


Virun 2 Joer huet d'Sängerin Skye Edwards an de Multi-Instrumentist Ross Godfrey, zwee Grënner Membere vum Grupp Morcheeba decidéiert nees zesummen ze schaffen, den Album Blaze Away war d'Resultat. D'Tournée déi sollt nokommen, ass aus de bekannte Grënn annuléiert ginn an dës forcéiert Paus hunn di zwee benotzt, fir weider ze schaffen. Blackest Blue heescht den neien Album a si sinn den 21 Juni fir d'Fête de la Musique an den Arènes de Lutèce vu Fip invitéiert mat aneren Artisten wéi Ballaké Sissoko, Camille, Arthur Teboul de Feu! Chatterton, Piers Faccini, a Balthazar e.a


Colemine Records ass en amerikanesche Label, deen wéi di meescht aner och staark ënner der Pandemie leiden. D'Plackegeschäfter sinn zou, Tournéeën ofgesot, keng live Optrëtter etc. Colemine ënnerstëtzen hir Artisten zb andeems se elo d'Compilatioun Brighter Days Ahead veröffentlecht hun. Eng Anthologie déi e positive, vu Sonn genierte Sound erklénge léist.


Et huet elo 10 Joer gedauert, datt de neie Projet vum kubanesche Pianist a Komponist Omar Sosa d'Daagesluucht gesäit. Wéi d'Iwwerschrëft vum Album et seet -An East African Journey - héiere mer hei eng Collaboratioun mat 8 westafrikaneschen Artisten. Dësen ambitiéise Projet ass op verschidde Plaze opgeholl ginn, op Madagaskar, am Kenia, Sudan, an Ethiopien, am Burundi an och op der Île Maurice zesumme mam Menwar.


Playlist:



Karate Boogaloo & Danielle Ponder - Little Bit - Look Around / Little Bit

Ikebe Shakedown - Adonai - Colemine Records Presents: Brighter Days Ahead

Black Pumas - Black Moon Rising - Black Pumas

Teaspoon Ndelu - Sputla - Mr Bongo Record Club, Vol. 4 (Compiled by Mr Bongo)

Morcheeba -Sulphur Soul - Blackest Blue

Morcheeba - Oh Oh Yeah - Blackest Blue

Still Corners - It's Voodoo- The Last Exit

Neal Francis - Changes (Demo) - Colemine Records Presents: Brighter Days Ahead

Omar Sosa - Ravann Dan Jazz (feat. Menwar) - An East African Journey

Avishai Cohen - Eleven Wives - Gently Disturbed

Avishai Cohen - When I'm Falling - Two Roses

Baptiste Thiry -The Day of Departure - Africa on the Move


Episoden

All Lives Matter!

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.
headphones

56 min

play_arrow

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow