Gezeechent - d'BD vum Mount
Aimée de Jongh - Jours de sable
0 min
Eng Rees zeréck an d'Amerika vun den 30er Joren. Déi hollännesch Zeechnerin Aimée de Jongh erzielt a "Jours de sable" d'Geschicht vum jonken New Yorker Fotojournalist John Clark, deen eng ongewéinlech Missioun kritt: Hie soll am Optrag vun enger Regierungsagence d'Liewensëmstänn vun de Farmeren am Dust Bowl vun Oklahoma dokumentéieren, enger Regioun, déi net nëmme wéi de Rescht vum Land ënner der Grousser Depressioun leit, mee och ënner enger extreemer Dréchent a Sandstierm. Schold dorun ass net zulescht eng landwirtschaftlech Praxis, där et un Nohaltegkeet feelt.