Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Stories

"The Monster Who Hated Pennsylvania" ass deen neien Album vum amerikanesche Singer-Songwriter Damien Jurado an déi éischt Publikatioun op sengem eegene Label Maraqopa Records.


Den Enkel vum grousse Bluesmann R.L Burnside moderniséiert an hält d'Ierwe vum Mississippi Hill Country Blues an Éieren, eng eenzegaarteg Musek aus dem Norde vum Mississippi Delta an engem direkte Lien mat Afrika.


De Corentin Ollivier huet bei Faroe, The Dancers oder Concrete Knives matgespillt an huet dëst Joer en neie Wee ageschloen als Corentin Ollivier mam Album "Into Pieces". Hei jongléiert hie mat ganz perséinlechen Emotiounen a Gesellschaft vu senger Gittar.


Den Hervé Salters vun General Elektriks ass vill gereest a säin neien Album "Party Like a Human", dee mat der Single mam selwechte Numm ugekënnegt gëtt, ass vun der Pandemie an hire Restriktiounen beaflosst. De Meeschter vun de Claviere kënnt haut zeréck op de bekannte Terrain vu sengem Debut, eng elektronesch Pop-Funk. Inhaltlech geet et ëm d'Mënsch sinn ...


Och den amerikanesche Roots-Museker Pokey LaFarge verschafft d'Pandemie op sengem neien Album "In the Blossom of Their Shade" a gesäit seng Lidder souzesoen als vertounte Liicht um Enn vum Tunnel.


Eng Erausfuerderung, eng positiv, ass deen neien Album vum Conor O'Brien, bekannt ënner sengem Projet-Numm Villagers. Den Ir huet scho vill Zoustänn besongen, mam neien Album "Fever Dream" schéngt hien en neie Sujet fonnt ze hunn, de psychedeleschen Ausdrock.


Dee franséische Museker a Komponist Chassol presentéiert den Album "Ludi", deen inspiréiert ass vum Hermann Hese sengem Buch "Das Glasperlenspiel".


Lo Radzouka, dat sinn un der Basis e Gittarist, deen zu Lima opgewuess ass, an een Trompettist, deen a Serbie gelieft huet. Am Quatuor proposéiere Lo Radzouka eng hybrid Musek tëschent Swing, Jazz an traditionelle Museken.


Rafiki Jazz, deen an England baséierte Global-Roots Ensembel mat Sänger-innen an Instrumentalist-innen aus Kaschmir, vu Jerusalem, aus der Casamance an Alexandrien, setzt sech op sengem neien Album "Dust" mam Klimawandel auserneen.


Yodi si Museker, déi alternativ südamerikanesch Stiler komponéieren an interpretéieren, si gläichzäiteg inspiréiert vun der chileenescher Chanson, vum Flamenco a vum Fado.


Eng vun den Diskriminéierunge géigeniwwer de Schwaarzen an Amerika am 19. an och nach am 20. Joerhonnert war de sougenannten Brown Paper Bag Test. Doriwwer schwätzt d'US-Amerikanerin Amythyst Kiah an hirem neien Album "Wary + Strange" ...


Playlist:



Damien Jurado - Dawn pretend -Dawn Pretend - The Monster Who Hated Pennsylvania

Cedric Burnside - Gotta Look Out - I Be Trying

Raoul Vignal - To Bid the Dog Goodbye - Years in Marble

Corentin Ollivier - Wilderness Inside - Into Pieces

General Elektriks - Party Like a Human - Party Like a Human

Pokey LaFarge - Rotterdam - In the Blossom of Their Shade

Villagers - So Simpatico - Fever Dreams

Chassol - Camarades - Ludi

Lo Radzouka - Al Raqs Majnun - Sanh-mesclat

Rafiki Jazz - Omkoth Ma'Ai - Nduggu: Dust

Peter Pan Pan - Sevgi Balosu - Souvenirs - EP

Yodi - Mariposa - Mariposa - Single

Amythyst Kiah - Hangover Blues - Wary + Strange

Rico Brinx & Anne Rakotofiringa - Africa Blues - Africa on the Move


Episoden

All Lives Matter!

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.
headphones

56 min

play_arrow

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow