Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Global Music

Global Music

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

De Mathias Berchadsky ass e bekannte Gittarist a Komponist vu Flamenco, deem säin Album Manifiesta vu senge ville Reesen notamment a Süden-Indien beaflosst ass. Manifiesta léist eng erstaunlech Co-habitatioun vu Stiler erkléngen, virtuos gespillt. Influenzen aus Süd-Indien och beim Stéphane Edouard. De Perkussionist huet sech gutt ëmginn fir sein éischten Album Pondicergy Airlines, deen och - grad wi beim Mathias Berchadsky - an der Collaboratioun mat Museker entstanen ass déi en am Kader vu senge Reese begéint huet. D'Occitanie, dës nei Groussregioun mam Languedoc-Roussillon an de Midi-Pyrénées, mat enger gemeinsamer Sprooch an den ënnerschiddlechen Dialekter gëtt polyphonesch vertruede vu Fraen Trio Cocanha. Originaire aus Nigeria an zu London baséiert ass Loshh, e Museker dee vum Blues, Post-Punk a vum Highlife beaflosst ass, seng nei EP Ífaradá mixt déi 4 Ecken vum Planéit mat de Perkussiounen als Réckgrat. Ee vun de groussen Disquen vun dësem Joer ass dem David Walters säin Nocturne, agespillt mat enger Band Frënn a Pointuren. De Yannic Seddiki Trio, och hei héiere mer eng Band Frënn déi hiren Dram liewen, autonom ze bleiwen an hir Diske selwer ze produzéieren. Den Album Risplendenti, Riversi vun Nataša Mirković, Michel Godard, Luciano Biondini & Jarrod Cagwin ass e Spill tëscht der Antike an der Moderne, de Line-Up hält wat e versprécht! Den amerikanesche Singer-Songwriter a Multi-Instrumentalist Sufjan Stevens, deen an der Lescht méi wéi eng kreativ Kollaboratioun agaangen ass, ass elo ze héieren zesumme mam Angelo De Augustine. Hire Konzept wor fir sech nuets Filmer unzekucken an daagsiwwer hu se hir Andréck iwwer d'Natur vum Mënschsinn an hirem Songwriting festgehal.




El Mati - Raices (feat. Kanchana Rajesh) [Seguyrias] - Manifiesta


Stéphane Edouard - One Last Time - Pondicergy Airlines


Cocanha - Cotelon - Puput


Evann McIntosh - COCO PEBBLES - Character Development


Loshh - É Beré - Ífaradá


Vincent Segal, David Walters, Ballaké Sissoko & Roger Raspail- Sa en yé- Nocturne


Ismail Sentissi Trio - Silences d'Oumma - Genoma


Yannic Seddiki Trio - Black or White Hat (feat. Robinson Khoury & Camille Passeri) - E-Life


Nataša Mirković, Michel Godard, Luciano Biondini & Jarrod Cagwin - A Trace of Grace (Arr. M. Godard) - Risplendenti, riversi


Sufjan Stevens & Angelo De Augustine- The Pillar of Souls- A Beginner's Mind


Emel - Sallem - The Tunis Diaries

Episoden

All Lives Matter!

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.
headphones

56 min

play_arrow

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow