Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Palabras Urgentes

Palabras Urgentes

D'Susana Baca, déi peruanesch Sängerin huet ufanks Oktober deen neien Album "Palabras Urgentes" verëffentlecht, eng musikalesch Kreatioun an eng Kollektioun vu Lidder, déi sech mat eiser schwiereger Zäit ausenanersetzen. Der Susana Baca hire Message ass staark a benotzt déi effikass Waff fir d'Ongerechtegkeet ze bekämpfen: d'Wëssen!


E festive Kreesch aus dem Süde vu Frankräich, dat ass "El Grito", véierten Album vu Cumbia Chicharra. Déi aachtkäppeg Formatioun huet d'Cumbia als Epizenter an eng Hellewull vun Influenzen ronderëm.


De Fixi an Nicolas Giraud sinn zwee Museker, déi laang Joren op der Säit vum Nigerianer Tony Allen geschafft hunn. Si maache mam Album "Tempo Tempo" en Hommage un de Batteur a Komponist.


En aneren Hommage ass d'Re-Editioun vum Benjamin Biolay sengem éischten Album "Rose Kennedy", dee virun 20 Joer erauskoum. E Konzept Album, deen op dem Liewe vum J.F. Kennedy senger Mamm Rose baséiert.


Wärend dem Lockdown vum leschte Joer entstanen ass och den Album "Far In" vum amerikanesche Museker Helado Negro. Zu Marfa am Texas konzipéiert, inspiréiert un der Natur an de Stären.


An nach en Hommage ass den Album "Burns On The Wire" vum franséische Sänger H-Burns un de Leonard Cohen. Zesummen mat engem Sträicher Quartett a fir vereenzelt Lidder mat Gaascht-Invitéen derbäi.


Den Damien Jurado, Songwriter vu Seattle, huet mat sengem Konzept-Album "The Monster Who Hated Pennsylvania" eng Kollektioun vun zéng Lidder an och zéng Personnagë verëffentlecht iwwer Leit, déi decidéiert hu sech sech net vun de Schicksalsschléi vum Liewen ënnerbotteren ze loossen.


Amateur vu Reggae an Hip-Hop ass de franséische Museker Twan Tee. Hien huet sech mam Produzent Oddy zesummegedoe fir säin éischten Album: "Crossing" iwwerschriwwen.


Rakoon, en Electron libre vun der franséischer elektro-dub Zeen ass derby a säin Album vun dësem Joer heescht Something Precious ...


Playlist:



Susana Baca - La herida oscura - Palabras Urgentes

Susana Baca - Color de rosa - Palabras Urgentes

Avishai Cohen - Leolam - Aurora

Mossa & Zoya - Wertehem Tamiditin - Tafouk D Ewar

Cumbia Chicharra - ¿Quien Es? - El Grito

Rita Payés & Elisabeth Roma - No Digo Que No (Vaca y Pollo) [feat. Pol Batlle] - Como la Piel

Fixi & Nicolas Giraud - Oto (feat. Maïa Barouh) - TEMPO TEMPO! (A Tony Allen Celebration)

Benjamin Biolay - La dernière heure du dernier jour - Rose Kennedy (Edition Deluxe)

Rodolphe Burger - Fuzzy (feat. Hugues Reip) - Environs

Helado Negro - Wake Up Tomorrow (feat. Kacy Hill) - Far In

H-Burns - The Partisan (feat. Kevin Morby) - Burns on the Wire

Rover - To This Tree - Eiskeller

Damien Jurado - Dawn Pretend - The Monster Who Hated Pennsylvania

Twan Tee & Oddy - On the Road (feat. Loïs Daïri) - Twan Tee Meets Oddy - Crossing

Rakoon - Pigalle - Something Precious


Episoden

All Lives Matter!

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.
headphones

56 min

play_arrow

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow