Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Here & Now

Here & Now

Bei "Soulgroove '66" héiere mir déi australesch Sängerin Renee Geyer, déi en Hommage mécht un d'Soul Legend Pierre Baroni. Et spillt hei eng fiktiv Band The New Cobras ...


Eng vun den Decouvertë vun dëser Woch ass d'Yazz Ahmed, eng bahrainesch-englesch Jazz Musekerin, déi Aflëss aus der arabescher an der westlecher Musek an hirem psychedeleschen Jazz verbënnt.


D'Fransouse vu Cannibale, déi d'Cumbia an de Rock mateneen verbannen, hu mat "Life Is Dead" en neien Album agespillt, deen den 12. November erauskoum ...


"Una Rosa", deen neien Album vun der amerikanescher Musekerin Xenia Rubinos verbënnt Influenzen aus der Karibik, dem Jazz an dem R&B: en interessanten Album, aus deem mir deen éischten Extrait héieren.


Och e Virgeschmaach op déi éischt Ep vun Oof, déi fir d'Fréijoer 2022 ugekënnegt gëtt mat engem introspektiven Plaidoyer, geleet vum Rapper a Gaaschtinvité Mike Ladd.


"Life, And Another", esou heescht der Mega Bog aka Erin Birgy hiren neien Album, en Disk, deen en zum Deel fiktiven Drama inzenéiert.


Den Duo vu The Limiñanas, zesumme mam Techno Dj Laurent Garnier, komponéiere ronderëm zwee Avatare vum Romeo an Juliette haut eng weider Etapp a Gesellschaft vum Edi Pistolas.


Mat 17 Joer schaaft d'Amerikanerin Evann McIntosh eng kraaftvoll Zort Alt-R&B Musek, déi den Zoustand erfuerscht, wat et heescht iwwerall ze sinn a gläichzäiteg eleng.


"Once Twice Melody" ass d'Iwwerschrëft vum aachten an ambitiéisen neien Opus vu Beach House. E ganze Straicher Orchester ass ze héieren, hei en Extrait aus dem éischte Kapitel vun dësem neien Opus, dee sech ukënnegt.


Playlist:



The New Cobras - Soulgroove '66, Pt. 1 (feat. Renee Geyer)

Delvon Lamarr Organ Trio - Aces - I Told You So

Yazz Ahmed - She Stands On The Shore

Cannibale -Taste Me - Life Is Dead

OOF - Métaphysique (feat. Mike Ladd) - Métaphysique/Single

Xenia Rubinos - Don't Put Me in Red - Una Rosa

Mega Bog - Flower - Life, And Another

Gilberto Rodriguez y Los Intocables - Bahiá Caliente - Sabor Maracuyá Desnuda

Keleketla! & Coldcut - Swift Gathering (feat. Eska Mtungwazi & Tamar Osborn) - Keleketla!

Laurent Garnier & The Limiñanas - Que Calor ! (feat. Edi Pistolas) - De Película

Evann McIntosh - COCO PEBBLES - Character Development

Beach House - Once Twice Melody - Once Twice Melody

Fatbabs & Ian Urbina - The Seven Seas - 48° Nord (Inspired by 'The Outlaw Ocean' a book by Ian Urbina)


Episoden

All Lives Matter!

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.
headphones

56 min

play_arrow

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow