Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Nei Welten

Nei Welten

"Soulgroove '66" kléngt wéi eng Session aus dem Archiv vun de 60er, ass awer eng nei an déi lescht Produktioun vum Pierre Baroni, bekannt fir seng Radiosendungen zu Melbourne an och fir seng Fotografien.


"Solid Ground" dat ass den Debut-Album vun der amerikanescher Formatioun The Grease Traps. Elo an no sechs Joer Aarbecht ass déi éischt Scheif a voller Längt fäerdeg, se kënnt via Record Kicks eraus.


De Charley Crockett war Stroossemuseker, dunn huet hien néng Diske mat amerikanescher Rootsmusek a sechs Joer agespillt an haut mat sengem zéngte "Music City Usa" tauchen mer voll an an d'Country.


"Hot Toddy" aus dem Joer 1974 vum Nino Ferrer sengem Album "Nino and Radiah et le Sud" léisst e ganz aneren Nino Ferrer erkléngen, hei ganz ënner der Influenz vun den angelsächsege Produktiounen aus där Zäit.


De Schott Joseph Malik ass mat "Diverse, Pt. 3" beim Schluss vu senger Trilogie ukomm. Hei héiere mer en Hommage un déi schwaarz Musek vun engem Marvin Gaye bis Massive Attack, an e Statement iwwer den Zoustand vun der Welt haut, 2021.


D'Chan Marshall, besser bekannt als Cat Power, och si schléisst eng Trilogie of, allerdéngs eng vu Coverversiounen. No "The Covers Record" (2000) an "Jukebox" (2008) heescht den neien Album einfach "Covers". E gëtt fir Januar 2022 ugekënnegt.


Schwiereg Situatiounen, déi z. B. Angscht a Roserei ausléisen: wéi gi mer domadder ëm? D'Aart a Weis ze betruechten ass wichteg, esou de Luca Wilding, dee mat sengem neien Album "Book Of Fate" eng Kollektioun vu Lidder agespillt huet, wou et ëm Verzeie geet.


De Paräisser Gittarist Samuel Strouk weist op en Neits haut mat "Nouveaux Mondes", datt et keng aner Grenze gi wéi déi, déi mer eis selwer imposéieren. Den Artist verdéift mat dësem neien Opus seng Recherchen, andeems en d'Batterie mat engem Straicher Quartett zesummebréngt.


Playlist:



The New Cobras - Soulgroove '66, Pt. 1 (feat. Renee Geyer) - Single

The Grease Traps - More and More (And More) - Solid Ground

Black Pumas - Colors - Black Pumas (Deluxe Edition)

Charley Crockett - This Foolish Game - Music City USA

Nino Ferrer - Hot Toddy - Nino and Radiah Et Le Sud

Joseph Malik - Tavistock - Diverse, Pt. 3

Cat Power - Bad Religion - Covers

Peter Gabriel - Signal to Noise (New Blood Version) - New Blood (Special Edition)

Luca Wilding - Book of Fate - Book of Fate - EP

Samuel Strouk - Nouveaux mondes (Edit) - Nouveaux mondes (Edit)

Seu Jorge - Cirandar - Everybody Loves The Sunshine 12"

Minino Garay - Taquirari (feat. Kevin Johansen) - Asado




Episoden

All Lives Matter!

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.
headphones

56 min

play_arrow

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow