Radioen

On air

Notturno  |  Rozi Plain - Help

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ From Kabul to Bamako

From Kabul to Bamako

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Decouverte vun dëser Woch ass de schéinen Album "From Kaboul to Bamako", e Projet vum Paräisser Ethio-Jazz-Ensembel Arat Kilo mat der Sängerin Mamani Keita aus dem Mali, dem kurdesche Virtuos a Sänger Rusan Filiztek & Siar Hashimi, afghaneschen Tabla Spiller. D'Situatioun vun de Refugiéen huet zu dësem Projet geféiert a war un éischter Stell e pluridisziplinäert an transkulturellt Evenement.


Afrodelic, esou heescht den neie Projet vum Gittarist a Produzent Victor Diawara. "I Tara Fan Fan" koum de leschten November eraus a kombinéiert afrikanesch mat elektronesche Kläng.


Keltesch sinn d'Influenzen vu Gunwood, awer net nëmmen. Den neien Album "Dream Boat Jane" ass just eraus, superviséiert vum Produzent Jeran Lamoot, bekannt fir seng Aarbecht mat Noir Désir oder mam Alain Bashung.


D'Lidder vun der Yoko Ono gi revisitéiert um Album "Ocean Child: Songs of Yoko Ono". Bekannt Artiste sinn derbäi, an den Disk ass en Hommage bei Geleeënheet vun der Yoko Ono hirem 89. Gebuertsdag.


"Dead Chic" ass den neie Projet vum Damien Félix (Catfish & Bigger) an Andy Bacon (Heymoonshaker). Déi zwee Artiste si sech am Kader vun hire respektiven Tournéeën ëmmer erëm iwwer de Wee gelaf an hu schlussendlech decidéiert mol gemeinsam Musek ze maachen.


Playlist:



Arat Kilo, Mamani Keita, Rusan Filiztek & Siar Hashimi - Snow in Addis - Sowal Diabi (From Kaboul to Bamako)

Mulatu Astatke & Black Jesus Experience - To Know Without Knowing - To Know Without Knowing

Arat Kilo, Mamani Keita, Rusan Filiztek & Siar Hashimi - Râhé Nour - Sowal Diabi (From Kaboul to Bamako)

Arat Kilo, Mamani Keita, Rusan Filiztek & Siar Hashimi - Mirage (Ouverture) - Sowal Diabi (From Kaboul to Bamako)

Afrodelic - I Tara Fan Fan (feat. Erica Jennings) - I Tara Fan Fan

Issa Bagayogo - M'ba Fodi - Mali Koura

Gunwood - Ye Jacobites By Name - Dream Boat Jane

The Breath - Let The Cards Fall - Let The Cards Fall

David Byrne & Yo La Tengo - Who Has Seen the Wind? - Ocean Child: Songs of Yoko Ono

Jay Som - Growing Pain - Ocean Child: Songs of Yoko Ono

Dead Chic - Too Far Gone - Too Far Gone - Single

Lance Ferguson - Glastonbury - Rare Groove Spectrum, Vol. 2

Oneness of Juju - Be About the Future - African Rhythms 1970-1982


Episoden

All Lives Matter!

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.
headphones

56 min

play_arrow

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow