Gezeechent - d'BD vum Mount
/ Dave Sim & Carson Grubaugh - The Strange Death of Alex Raymond
Dave Sim & Carson Grubaugh - The Strange Death of Alex Raymond
7 min
Mat der Serie "Cerebus", déi hie bal 30 Joer gezeechent huet, huet de Kanadier Dave Sim ee vun den absolutte Klassiker vum Independent-Comic geschaf. No längerer Paus huet hie sech elo erëm mat engem gréissere Wierk zeréckgemellt: "The Strange Death of Alex Raymond", erauskomm bei Living the Line.
Den Alex Raymond war en Zeechner, dee vun den 1930er bis an d'50er aktiv war a vill Comic Strips fir Zeitungen illustréiert huet. Seng bekanntste Kreatioun ass sécherlech de Flash Gordon, deen een och aus dem Kino kennt. 1956 ass de Raymond bei engem Autosaccident gestuerwen, en Accident, dat ni ganz opgekläert gouf. Déi verschidde Geschichten, déi doriwwer erzielt ginn, notzt dëse Comic als Ausgangspunkt, fir d'Geschicht vum Alex Raymond ze erzielen.