Radioen

On air

Concert  |  Mahler 4. - aus dem Gewandhaus Leipzig

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Keys

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow

Déi englesch Dub Legend Adrian Sherwood huet en neien Album, deen ënnerwee ass, "Dub No Frontiers" iwwerschriwwen. Bei dësem Disk, wou Artist:innen am Virdergrond stinn, héiere mir d'Vokalistin Rita Morar mam Titel "Meri Awaaz Suno" op Hindi gesongen, wat esou vill heescht wéi "Hear My voice" an ass elo schonn disponibel. De ganzen Album gëtt am Juli erwaart, via Real World.


Déi kalifornesch Reggae Band Groundation huet sech an den 90er Joren aus der Virstellung eraus entwéckelt vun enger Gesellschaft ouni Hierarchien oder Klassenënnerscheeder.


New Orleans ass bekannt fir d'Wéi vum Jazz a Blues ze sinn an och déi vun der Voodoo Kultur. De Mac Rebenack, besser bekannt als Dr. John, ass wuel dee bekanntste Vertrieder vum Genre. Dräi Joer no deem sengem Doud verëffentlecht de Gittarist Matthis Pascaud zesumme mam englesche Sänger Hugh Coltman en Hommage un den Dr. John, "Night Trippin" iwwerschriwwen.


Den neien Album vun de Black Keys "Dropout Boogie" ass elo do an integral disponibel, hei en neien Track "Good Love" feat Billy F Gibbons, jo wuel dee Gibbons vun ZZ Top!!


Eng vun den Decouverten dës Kéier ass de Sessa, e Multi-Instrumentalist vu São Paulo, deen elo e weideren Titel vu sengem zweeten Album "Estrela Acesa" mat eis gedeelt huet. Dësen Disk ass en Hommage un d'Kraaft vun der Musek, déi heelt.


Dem Erik Aliana, gebierteg aus dem Kamerun, säin neien Album "Ancestors" ass fir de Juni ugekënnegt a setzt sech mat de Virfaren ausenaner, hirem Rapport zu der Natur, zu der Gesellschaft an zu der Spiritualitéit.


Playlist:



Rita Morar & Adrian Sherwood - Meri Awaaz Suno (Hear My Voice) - Adrian Sherwood Presents: Dub No Frontiers

Groundation - Nyabinghi Order - Each One Teach One (Remixed and Remastered)

Dr. John - I Walk On Guilded Splinters - Definitive Pop: Dr. John (Remastered)

Matthis Pascaud & Hugh Coltman - Cha Dooky Doo - Cha Dooky Doo - Single

The Black Keys - Good Love (feat. Billy F Gibbons) - Dropout Boogie

Sessa - Canção da Cura - Estrela Acesa

Sessa - Gostar do Mundo - Estrela Acesa

Erik Aliana - Respects - Ancestors

Erik Aliana - Ke enda oko (feat. Debashish Bahttacharya) - Ancestors


Episoden

All Lives Matter!

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.
headphones

56 min

play_arrow

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow