Den Ethan Carey, deen de Projet leet, huet schonn a senger Heemecht mat Post Rock, Metal a Folkprojet Spore gesammelt an ass och Solo an engem Duo ënnerwee. Mat Scian huet hien zu Lëtzebuerg déi richteg Band fonnt, fir weiderzeschaffen. D'Songs huet hien ufanks eleng geschriwwen, mat Stëmm a Rhythmusgittar, éier d'Band zu den Arrangementer bäigedroen huet. D'Lidder waarden nach drop erauszekommen, an nom éischte gréissere Concert an der Rockhal fänkt d'Aarbecht un enger Release fir September un. Mee do virdru steet dëse Samschdeg de Screaming Fields Festival un, a bei där Geleeënheet huet de Frontmann um Mikro vum Marc Clement säi Projet beschriwwen.
arrow_back_ios
Musek Aktuell
Scian - Dat gälescht Wuert fir Messer
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow