Déi zwee franséisch Museker Sebastien Torregrossa, Gitarrist an Edouard Lebrun, Batteur, grënne Jean Jean am Mäerz 2008 zu Paräis, oft begleet vun aneren Instrumentalisten op der Bass oder de Clavieren. Zanterdeem huet sech d'Participatioun vum Jérémy Savry op Synthesizeren a Samplen gefestegt, dee schonns op hirer éischter EP 2012 matspillt. Eescht Math-Rock, Post-Rock an Electro maachen si eng ustiechend instrumental Musek, déi wuel gemaach ass fir ze danzen, mee net an engem Club. Hir bis elo drëtt Plack ''Fog Infinite'' koum d'lescht Joer op Black Basset Records eraus an ass mat der Collaboratioun vum Frank Hueso nach méi clavier-laaschteg. De Mëtte spille Jean jean um Usina Festival zu Diddeleng, de Marc Clement huet sech am Virfeld vun hirem Concert mat Jean Jean ënnerhalen.
arrow_back_ios
Musek Aktuell
Jean Jean um USINA23
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow