Iwwer keng aner Söldnertrupp zirkuléieren därmoosse vill Mythen, wéi iwwer déi franséisch Friemelegioun. Ee flotten an detailléierten Ausstellungskatalog behandelt den Asaz vu Lëtzebuerger Legionäre wärend dem Éischte Weltkrich. Wéinst sengem staark agegrenzte Fokus liwwert d'Buch awer ee verzerrt Bild vun der Friemelegioun a vun de Lëtzebuerger Söldner.
De Mohamed Hamdi huet sech de Katalog ugekuckt.