An de fréie Moiesstonne vum 10. Mee 1940 iwwerfalen déi däitsch Truppen d'Groussherzogtum. Fir de Bombardementer ze entkommen, flüchte ronn 49.000 Lëtzebuerger Richtung Frankräich. De Rapatriement kann eréischt am August an d'Weeër geleet ginn a verleeft - genee wéi d'Evakuatioun - a villen Hisiichte chaotesch an onkoordinéiert.
Et sinn d'Erliefnisser vun de Lëtzebuerger Refugiéen, wärend den dräi Méint vun der Evakuatioun bis zum Rapatriement, déi de Claude Vandivinit a senger Monographie ënner d'Lupp hëllt. De Mohamed Hamdi mat Detailer