Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Miso Extra - POP

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik aktuell

100komma7.lu / Klassik aktuell

/ Die schöne Müllerin

Die schöne Müllerin

headphones

8 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

"Die schöne Müllerin" ass e Liederzyklus, deen de Franz Schubert 1823 komponéiert. Den Text baséiert op der Gedichtesammlung mam selwechten Titel vum Wilhelm Müller, déi an de "Sieben und siebzig nachgelassenen Gedichten aus den Papieren eines reisenden Waldhornisten" vun 1921 dran ass. Vun den insgesamt 25 Gedichter vertount de Schubert der 20. Trotz dem romanteschen Theema huet de Zyklus och ganz pessimistesch Zich. Dëse Sonndeg steet de Liederzyklus "Die schöne Müllerin" op der Affiche am CAPE zu Ettelbréck, mat der Pianistin Anette Fischer-Lichdi an hirem Schwoer, dem Tenor Tilman Lichdi. D'Marie Schockmel huet sech am Virfeld mat der Pianistin ënnerhalen.

Episoden

Ee musikalescht Freedefeier zum Europadag

Ad Libitum spillt dem Händel seng weltberüümte Freedefeiermusek, nieft Vivaldi, Telemann an och manner bekannte Komponisten aus der Zäit vum Barock.
headphones

5 min

play_arrow

David Daubenfeld

E jonke Lëtzebuerger Dirigent debutéiert an der nächster Saison mat de Lëtzebuerger Philharmoniker am grousse Sall vun der Philharmonie.
headphones

4 min

play_arrow

"Mir kommen aus verschiddene Länner a sinn zesummen zu Lëtzebuerg"

De Lëtzebuerger Ensembel Ars Nova Lux feiert säin 10. Gebuertsdag mat engem Concert an der Philharmonie. Um Programm: vill Lëtzebuerger an och international Musek
headphones

3 min

play_arrow

What a Wonderful World

Ënner deem Titel spillen d’Lëtzebuerger Philharmoniker den 30. Abrëll e Concert ënner der Baguette vum Gast Waltzing
headphones

5 min

play_arrow

Mam Fokus op déi klassesch Gittar

Fir déi mëttlerweil véiert Editioun gëtt vum 10. bis den 19. Mee de Gittarefestival zu Lëtzebuerg ofgehalen.
headphones

4 min

play_arrow

Musique Plus

Een interaktive Projet, bei deem et méi wéi nëmmen ëm Musek geet.
headphones

3 min

play_arrow

"Il est très important de s'imprégner de cette musique"

Amerikanesch Musek aus dem 20. Joerhonnert am Escher Conservatoire. Gershwin, Bernstein a Menotti op 2 Pianoen a Perkussioun, deels och mat Gesank.
headphones

3 min

play_arrow

E ganz familiäre Concert

Kammermuseksconcert an der Philharmonie mat fënnef Museker, déi sech all ganz gutt kennen, deels zanter méi wéi 20 Joer.
headphones

3 min

play_arrow

Esch am Saxo-Sound

Deen éischte Saxofonsfestival zu Lëtzebuerg - wéi ass et gelaf?
headphones

3 min

play_arrow

"Si liewen an der Zukunft"

De Bouwechouer vum Stater Conservatoire ass aktuell op Concertstournée a Japan - wéi et leeft, verroden zwee vun de Jongen an den Dirigent Pit Nimax.
headphones

4 min

play_arrow

D'Coup de coeure vun der Militärmusek

Enn Mäerz hu sech d'Lëtzebuerger Militärmusek, hiren Dirigent a Lieutenant Col. Jean-Claude Braun an een externt Team getraff fir en neien Album opzehuelen.
headphones

3 min

play_arrow

Net nëmme Bayreuth an New York, och Lëtzebuerg ass an hirem Agenda

Zwou Premièrë fir d'Edith Haller: éischten Optrëtt mat engem Jugendorchester an éischte Concert zu Lëtzebuerg
headphones

4 min

play_arrow

Een Abléck an d'Iddie vum Internationale Klarinette-Concours

De Max Mausen ass dëst Joer den Directeur artistique vum internationale Klarinette-Concours 2025 zu Maarnech. Hëllef kritt hien ënner anerem vun der Jurypresidentin Laura Ruiz Ferreres.
headphones

4 min

play_arrow

Den Cello am 21. Joerhonnert

Dee belsch-amerikaneschen Cellist Pierre Fontenelle spillt eng Stonn Musek fir Solo Cello vu 6 verschiddene Komponisten an der Kierch vu Biekerech.
headphones

3 min

play_arrow

Ee Lëtzebuerger Bouwechouer op Japan-Tournée

D’Pueri Cantores aus dem Stater Conservatoire gi vum 8. bis 17. Abrëll op Tournée a Japan. Véier Statioune stinn um Plang: Hiroshima, Osaka, Kyoto an Tokio.
headphones

5 min

play_arrow

Oliver Triendl a Christoph Ehrenfellner: zwee Gewënner vun den ICMA 2025

Den däitsche Pianist Oliver Triendl huet scho méi wéi 150 Albumen erausbruecht a krut dëst Joer de Special Achievement Award bei den International Classical Music Awards.
headphones

5 min

play_arrow

Catherine Kontz

Si ass net nëmme Komponistin, mee och Pianistin, Dirigentin an ënnerriicht um Royal College of Music zu London. Am neien Episod vum opus-Podcast Hanner den Téin verréit si vill iwwer fir Passioun fir Kannerconcerten.
headphones

4 min

play_arrow

D'Schätz vum Pianotrio

De Moritz Reutlinger ass Cellosproff am Conservatoire du Nord. Zesumme mat zwou weideren Enseignanten, organiséiert hien am Kader vun der Serie "Spot on Keyboards" ee Concert mat Pianotrioen.
headphones

4 min

play_arrow

D'Dorothea Tatalidis beim EUYO fir d'Saison 2025

Déi jonk griichesch-lëtzebuergesch Trompettistin huet hire Solodebut bei der Militärmusek gemaach. Elo gouf si beim European Union Youth Orchestra fir d’Saison 2025 ugeholl.
headphones

4 min

play_arrow

Renaud Capuçon op der Gei an um Dirigentepult

De Renaud Capuçon kënnt de 27. Mäerz erëm an d'Philharmonie, net nëmme mat senger Gei, mee hie wäert do och d'Lëtzebuerger Philharmoniker dirigéieren.
headphones

5 min

play_arrow