"Ein musikalisches Feuerwierk zum Europadag" - dat ass de Motto vum Concert, deen Ad Libitum de 9. Mee moies an der Kierch zu Mäerzeg spille wäert. De Lëtzebuerger Ensembel fir Barockmusek setzt sech zesummen aus 40 Museker:innen, vun deenen hei ganz verschiddener mat dobäi sinn. Um Programm steet Musek vu fënnef Komponisten an am Fokus ass dem Händel seng weltberüümte Freedefeiermusek. Nieft anere groussen Nimm wéi Vivaldi an Telemann stinn och zwee manner bekannte Komponisten op der Affiche. Een dovunner ass de Benedikt Anton Aufschnaiter, deem seng "Serenada della pace" gespillt gëtt. Am grousse Ganzen ass et e Concert, deen am Zeeche vum Fridde steet, well dat jo d'Haaptiddi hanner dem Europadag ass, wéi de Rosch Mirkes verréit.
De Leeder vun Ad Libitum erzielt méi am Gespréich mam Marie Schockmel.