Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Doechii - Slide

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ World Citizen

World Citizen

headphones

55 min

Lauschteren play_arrow

Der franséisch-algeerescher Sängerin Souad Massi hiren neien an zéngten Album heescht "Sequana", en Disk mat méi Influenzen. Zousätzlech zum Chaâbi an de folkege Kläng, si bei "Sequana" och Aflëss aus der Karibik, Brasilien an dem Sahel ze héieren.

Ÿuma ass e jonken Duo aus Tunesien, deen e ganz eegene Folk erklénge léisst. D'Sabrine an de Ramy hunn hir ganz speziell Aart a Weis déi verschidde Kläng mateneen ze mëschen: arabesch Gesangslinnen, déi si méi-Stëmmeg iwwer reduzéiert Gittar-Mustere leeën: et herrscht eng orientalesch-mystesch Stëmmung a gläichzäiteg erklénge Soul-, Blues- a Folk-Influenzen.

Rose Mercie, dat si véier Musekerinne vu Paräis, déi sech net nëmme mat hirer Indie-Pop demarkéieren. "¿Kieres Agua?", Wëlls de Waasser? freet den Titel vum neien Album.

En eklektesche Mix aus Reggae, Jazz-, Dub- a World-Musek léisst den Album "The Roots Explorers" vun der Trompettistin, Flüttistin an Akkordeonistin Youthie zesumme mam Produzent Macca Dread erkléngen. Dësen Album ass eng akustesch Rees ronderëm de Globus.

Am Juni 1996 koum ee vun deene schéinste Reggae-Disken eraus! Dem Bim Sherman säin Album "Miracle". De jamaikanesche Singer-Songwriter hat sech an den 80er an England niddergelooss, wou hien zesumme mam Produzent Adrian Sherwood vun On-U Sound Lidder agespillt huet, déi zäitlos sinn.

Dem indesche klassesche Museker, Sänger a Komponist Debashish Bhattacharya säin Album "Hawaii To Calcutta", deen 2017 erauskoum, erzielt déi spannend Geschicht vun der hawaiianescher Gittar, wéi se an Indien ukoum a wéi se vun engem Mann populär gemaach gouf: der hawaiianescher Slide-Gittar Legend Tau Moe.
Playlist:


Souad Massi - Dessine-moi Un Pays - Sequana
Ÿuma - Denia Dour - HANNET LEKLOUB
Stelios Petrakis Quartet - Tempranillo - Spondi
Rodrigo y Gabriela - Weird Fishes/ Arpeggi - Weird Fishes & Symphony No. 25 In G Minor
Rose Mercie - Sweet Place - ¿ KIERES AGUA ?
Erotic Market - Should I - Boredoms & Heartstrings
Roxane Arnal - Little Bird (feat. Baptiste Bailly) - Little Bird (feat. Baptiste Bailly)
Youthie & Macca Dread - Atumbao - The Roots Explorers
Groundation - Market Price - One Rock
Bim Sherman - My Woman - Miracle
Debashish Bhattacharya - Anandi on the Loose - Hawaii to Calcutta: A Tribute to Tau Moe
Jasdeep Singh Degun - Sajanava

Musek

Episoden

Vagabonds & Soulmates

Traditiounen aus dem Jemen, News aus dem Balkan a spezielle Gesang aus Finnland
headphones

55 min

play_arrow

Sunshine Music

Labbere Groove aus Neizéiland, eng erfrëschend klassesch Komponistin, an e puer “égaréiert” Museker di sech ëmmer erëm zesummefannen.
headphones

56 min

play_arrow

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!
headphones

56 min

play_arrow

Hierscht 2024

Etappen an der Tierkei, Indien, Australien, Portugal an an den Tiroler Bierger
headphones

57 min

play_arrow

One World Tribe

En Afrobeat, dee vum Jazz a vum Soul geniert ass, tribalen Drumming a Globetrotter
headphones

56 min

play_arrow

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974
headphones

56 min

play_arrow

Chill and move

Musek fir ze chillen, ongewéinlech Influenzen, déi openeen treffen an Neiverëffentlechungen
headphones

56 min

play_arrow

Musek an Aktivismus

Blues, Rock, e bëssen Jazz a staark Gefiller
headphones

57 min

play_arrow

Are You Going With Me

E franséische Produzent, deen op de Sound aus den Trope steet, en Ausfluch bei d’Voodoo-Kultur an e bësse Soul fir d’Séil.
headphones

60 min

play_arrow

War Ina Babylon

Interessant Cover-Versiounen, d’Rhythmen vun den Antillen an der Karibik an e puer onëmgänglech Klassiker
headphones

55 min

play_arrow

One People One World

Jazz, méi oder manner puer, virun allem awer inspiréiert a mat engem ganz eegenen Touch, e bekannte Gittarero zesumme mat enger Flamenco-Sängerin a kolumbianesch Beats fir den Dance Floor
headphones

61 min

play_arrow

The Imagined Village

Musek aus Westafrika, e Sträicherquartett, dee spannend Collaboratiounen ageet, an eng al Geschicht nei erzielt.
headphones

55 min

play_arrow

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er
headphones

56 min

play_arrow

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.
headphones

56 min

play_arrow

Timeless

Zäitgenossen aus dem Acid-Jazz, der Soul an dem Blues, eng interessant Renconter an en Disk, dee Geschicht geschriwwen huet.
headphones

56 min

play_arrow

Summer 24

DelikateSinger-Songwriting, eng begaabte Gittaristin, e klénge musikaleschen Trip duerch de Summer 2024 an den zäitgenësseschen Ausdrock mat neien Techniken.
headphones

56 min

play_arrow