Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Doechii - Slide

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Winter Sun

Winter Sun

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Et gi Momenter am Liewen, déi een net vergësst, sou z. B. fir de Museker aus Wales Carwyn Ellis en Dag zu Rio. Säin neien Album "Yn Rio" ass a gudder Gesellschaft vum BBC National Orchestra of Wales a nach villen aneren Artisten agespillt ginn.

Aner waarm vun der Sonn genierte Kläng héiere mir vun der Formatioun Ali, eng multinational Hip-Hop-/Funk-Band.

E bësse Flair aus der Karibik ass gutt fir d'Gemitt! Den Ariel Tintar huet en neien Album ënner sengem eegenen Numm verëffentlecht a fënnt en Equiliber tëschent Modernitéit an Traditioun.

"The Studio Intim Sessions Vol. 1" presentéiert eege Kompositioune vum norwegesche Gittarist Geir Sundstøl. Eng vun den Decouverten hei!

D'Shirley Hurt, mam richtegen Numm Sophie Katz, ass eng zu Toronto baséiert Musekerin, déi viru Kuerzem hiren Debut verëffentlecht huet. Mat hirem schéinen Timber hëlt si eis mat an hir ganz eege Welt.

Mir entdecke gläich zwou Formatiounen aus Estland: den Duo Puuluup an den Duo Ruut. Béid Formatiounen artikuléiere sech ronderëm en aalt Instrument.

Den aussergewéinlechen Trio SR9 huet, nodeems e Bach, Satie oder Ravel revisitéiert huet, sech haut an d're-Interpretatioun vu rezente Pop-Lidder lancéiert.

Playlist:


Carwyn Ellis & Rio 18 (with BBC National Orchestra Of Wales) - Olá! (with BBC National Orchestra Of Wales) - Yn Rio
Ali - Dance, Habibi - Dance, Habibi - Single
Ariel Tintar - Taxi Caraïbes
Ariel Tintar - Es Ou Ka Sonjé - Es Ou Ka Sonjé /Single
Kaiser Quartett - Chase - Kaiser Quartett
Geir Sundstøl - Jekk - The studio intim sessions vol. 1
Rodolphe Burger, Sofiane Saidi & Mehdi Haddab - One Two Three
Hermon Mehari - Tefanaqit
Kibrom Birhane - Digis - Here and There
Shirley Hurt - Charioteer - Shirley Hurt
Duo Ruut - Nightingale
Puuluup - TV on the street
Trio SR9 & Blick Bassy - Bad Guy - Déjà Vu
Mette Henriette - Drifting - Drifting

Musek

Episoden

Vagabonds & Soulmates

Traditiounen aus dem Jemen, News aus dem Balkan a spezielle Gesang aus Finnland
headphones

55 min

play_arrow

Sunshine Music

Labbere Groove aus Neizéiland, eng erfrëschend klassesch Komponistin, an e puer “égaréiert” Museker di sech ëmmer erëm zesummefannen.
headphones

56 min

play_arrow

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!
headphones

56 min

play_arrow

Hierscht 2024

Etappen an der Tierkei, Indien, Australien, Portugal an an den Tiroler Bierger
headphones

57 min

play_arrow

One World Tribe

En Afrobeat, dee vum Jazz a vum Soul geniert ass, tribalen Drumming a Globetrotter
headphones

56 min

play_arrow

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974
headphones

56 min

play_arrow

Chill and move

Musek fir ze chillen, ongewéinlech Influenzen, déi openeen treffen an Neiverëffentlechungen
headphones

56 min

play_arrow

Musek an Aktivismus

Blues, Rock, e bëssen Jazz a staark Gefiller
headphones

57 min

play_arrow

Are You Going With Me

E franséische Produzent, deen op de Sound aus den Trope steet, en Ausfluch bei d’Voodoo-Kultur an e bësse Soul fir d’Séil.
headphones

60 min

play_arrow

War Ina Babylon

Interessant Cover-Versiounen, d’Rhythmen vun den Antillen an der Karibik an e puer onëmgänglech Klassiker
headphones

55 min

play_arrow

One People One World

Jazz, méi oder manner puer, virun allem awer inspiréiert a mat engem ganz eegenen Touch, e bekannte Gittarero zesumme mat enger Flamenco-Sängerin a kolumbianesch Beats fir den Dance Floor
headphones

61 min

play_arrow

The Imagined Village

Musek aus Westafrika, e Sträicherquartett, dee spannend Collaboratiounen ageet, an eng al Geschicht nei erzielt.
headphones

55 min

play_arrow

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er
headphones

56 min

play_arrow

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.
headphones

56 min

play_arrow

Timeless

Zäitgenossen aus dem Acid-Jazz, der Soul an dem Blues, eng interessant Renconter an en Disk, dee Geschicht geschriwwen huet.
headphones

56 min

play_arrow

Summer 24

DelikateSinger-Songwriting, eng begaabte Gittaristin, e klénge musikaleschen Trip duerch de Summer 2024 an den zäitgenësseschen Ausdrock mat neien Techniken.
headphones

56 min

play_arrow