Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Doechii - Slide

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ One from the Heart

One from the Heart

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Decouverte vun dëser Woch ass dee véierten Album vum indeschen Tabla-Spiller Sarathy Korwar. "Kalak" ass, esou den Artist selwer, e Manifest vum Indofurismus.

De Jan Verstraeten ass ee vun de spannende belschen Newcomer. Wärend de Lockdowns huet hie sech ganz vill Mafia-Serien a Gängster-Filmer ugekuckt a sech dorunner inspiréiert. D'Resultat ass den Album "Violent Disco".

Ee vun de Klassiker dës Kéier ass dem Tom Waits säin "Little Boy Blue", 1982 erauskomm op der Bo vun "One from the Heart", Film vum Francis Ford Coppola, eng amerikanesch Romanz am Ëmfeld vu Las Vegas mat ë. a. der Nastassja Kinski.

"Anouch" heescht op armeenesch duuss, séiss. An dat ass och den Numm vum Pianist André Manoukian senger Groussmamm, där hie säi leschten Album gewidmet huet. Eng kleng Pärel!

De franséische Kontrabassist a Komponist François Poitou ass ze héieren zesummen mat der Muse vun der tuneesescher Revolutioun Emel Mathlouthi op engem neien Arrangement vum Titel "Layem".

"Whoever comes back from war is the one who decides how the story is told.", seet deen zu London baséierten nigerianeschen Artist Jacob Banks. De Londoner Crooner huet Soul a vermëscht dës mat Gospel, R&B, a Blues Influenzen.

"Black Is the Color (of my true Love's Hair)" ass eent vun dëse Lidder, wou net richteg gewosst ass, wéini a wie genee et geschriwwen huet. An dësem Fall gëtt gegleeft, datt den Ursprong vum Lidd a Schottland läit ...

Den Thomas Naïm huet vill bekannte Museker begleet, éier hien ënner sengem eegenen Numm aktiv gouf. Nodeems hien op eng brillant Aart a Weis den Hendrix revisitéiert huet, bréngt hien haut säin néngten Album als Leader op de Maart, "On the Far Side" iwwerschriwwen.

Playlist:


Yodi - Ese lugar (live)
Sarathy Korwar - Kalak - A Means to an Unend (feat. Photay) - Kalak (feat. Photay)
Sarathy Korwar - The Past Is Not Only Behind Us, but Ahead of Us (feat. Photay) - Kalak
Jan Verstraeten - Vampire In My Bed - Violent Disco
Tom Waits - Little Boy Blue - One from the Heart (The Original Motion Picture Soundtrack)
André Manoukian - Rondo Arménien - Anouch
François Poitou - Layem (feat. Emel Mathlouthi) - Le sec et la lune
Souad Massi - Mirage (feat. Piers Faccini) - Sequana
Jacob Banks - By Design (Evel Knievel) - Lies About the War
Ramsey Lewis - Black Is the Color - Ramsey Lewis and His Gentlemen of Jazz
Nina Simone - Black Is the Color (Jaffa Remix) - Verve Remixed 2
Thomas Naïm - Kite - On the Far Side
Compro Oro - The Lower 9th - Buy the Dip
Bryan Ferry & Todd Terje - Johnny & Mary (2014 Remaster) - Avonmore

Musek

Episoden

Vagabonds & Soulmates

Traditiounen aus dem Jemen, News aus dem Balkan a spezielle Gesang aus Finnland
headphones

55 min

play_arrow

Sunshine Music

Labbere Groove aus Neizéiland, eng erfrëschend klassesch Komponistin, an e puer “égaréiert” Museker di sech ëmmer erëm zesummefannen.
headphones

56 min

play_arrow

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!
headphones

56 min

play_arrow

Hierscht 2024

Etappen an der Tierkei, Indien, Australien, Portugal an an den Tiroler Bierger
headphones

57 min

play_arrow

One World Tribe

En Afrobeat, dee vum Jazz a vum Soul geniert ass, tribalen Drumming a Globetrotter
headphones

56 min

play_arrow

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974
headphones

56 min

play_arrow

Chill and move

Musek fir ze chillen, ongewéinlech Influenzen, déi openeen treffen an Neiverëffentlechungen
headphones

56 min

play_arrow

Musek an Aktivismus

Blues, Rock, e bëssen Jazz a staark Gefiller
headphones

57 min

play_arrow

Are You Going With Me

E franséische Produzent, deen op de Sound aus den Trope steet, en Ausfluch bei d’Voodoo-Kultur an e bësse Soul fir d’Séil.
headphones

60 min

play_arrow

War Ina Babylon

Interessant Cover-Versiounen, d’Rhythmen vun den Antillen an der Karibik an e puer onëmgänglech Klassiker
headphones

55 min

play_arrow

One People One World

Jazz, méi oder manner puer, virun allem awer inspiréiert a mat engem ganz eegenen Touch, e bekannte Gittarero zesumme mat enger Flamenco-Sängerin a kolumbianesch Beats fir den Dance Floor
headphones

61 min

play_arrow

The Imagined Village

Musek aus Westafrika, e Sträicherquartett, dee spannend Collaboratiounen ageet, an eng al Geschicht nei erzielt.
headphones

55 min

play_arrow

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er
headphones

56 min

play_arrow

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.
headphones

56 min

play_arrow

Timeless

Zäitgenossen aus dem Acid-Jazz, der Soul an dem Blues, eng interessant Renconter an en Disk, dee Geschicht geschriwwen huet.
headphones

56 min

play_arrow

Summer 24

DelikateSinger-Songwriting, eng begaabte Gittaristin, e klénge musikaleschen Trip duerch de Summer 2024 an den zäitgenësseschen Ausdrock mat neien Techniken.
headphones

56 min

play_arrow