Radioen

On air

Notturno  |  John Cale - Mercy Feat. Laurel Halo

play_arrow Live
100komma7.lu / Biotop

/ Gromperen an alle Gréissten a Faarwen

Gromperen an alle Gréissten a Faarwen

headphones

14 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

D'Grompere si gesond, maache sat. Se sinn d'Basis fir eng helle Wull u Platen a sinn einfach am Gaart ze zillen.

D'Gromper, déi initial aus den Ande kënnt, an als Zierplanz bei eis eriwwer koum an Europa, gouf séier als Grondnarungsmëttel ugebaut. Dat ass am 18. Joerhonnert esou wäit gaangen, datt aner Grondnarungsmëttele wéi de Weess bal verschwonne sinn. D'Resultat war eng grouss Hongersnout an Irland duerch d'Ufällegkeet vu Krankheete bei der Gromper.

Grompere sinn haut net méi aus eisem Iessen ewech ze denken. Gromperen am Gaart selwer unzebauen ass net schwéier, well et eng Planz ass, déi keng Uspréch stellt. Wann een op e puer Saachen oppasst, kann een elo am Mäerz ufänken ze séien, fir am Juni fréistens mat der Recolte unzefänken. D'Gromper ass frou mat der Sonn an huet et gäre fiicht, awer se sollt all Joer op eng anerer Plaz am Gaart geplanzt ginn, well si ee Starkzehrer ass.

Krankheete kann ee vermeiden, wann ee mat genuch Espace planzt an d'Gromper am A behält, wa se wiisst. Et gëtt iwwer 5.000 Zorte Grompere weltwäit, an alle Gréissten, Formen, Faarwen a Konsistenzen. Dofir eegent sech Gromper fir déi ënnerschiddlechst Platen op der ganzer Welt. No der Recolte sollt een d'Gromper donkel, dréchen a kill lageren.

Och d'Séissgromper oder den Topinambur kann een als Gromperenersatz ouni Weideres gebrauchen, fir Ofwiesslung a seng Kichen ze bréngen. Béid Zorte si genee esou gesond wéi déi normal Gromper.


Gromperen, méi fester (z. B. Nicola, Charlotte) eegne sech besser fir Zaloten oder gebrode Gromperen, blann Gromperen oder gekachte Gromperen
Gromperen, méi mëller (z. B. Bintje, Monalisa) eegne sech gutt fir Püree, Gnocchi, Krocketten, Zoppen a Fritten


Well et esou vill verschidden Zorte Grompere ginn, mécht et Sënn opzepassen, wéi eng Zort sech am beschten eegent, fir verschidde Platen.

Informatioune mat der Danièle Keup vun der Liga Gaart an Heem

Politik a Gesellschaft

Episoden

Den Distelfalter - e Päiperlek op Rekord-Wanderung

Den Distelfalter - e Päiperlek op Rekord-Wanderung

Déi faszinant Geschicht vum Päiperlek a firwat mir e schütze mussen.
headphones

15 min

play_arrow
Nohaltegkeet am Gaart

Nohaltegkeet am Gaart

Ausser op Pestizide verzichte gëtt et nach vill Méiglechkeeten nohalteg am eegene Gaart ze schaffen.
headphones

8 min

play_arrow
Päiperleksmonitoring an Insektesummer | © Wikimedia Commons

Päiperleksmonitoring an Insektesummer

Insekte spillen an eisem Ökosystem eng wichteg Roll, allerdéngs wësse mir ëmmer nach net genuch iwwer dës Déieregrupp. De Monitoring soll dat änneren.
headphones

9 min

play_arrow
Wäibau an Naturschutz

Wäibau an Naturschutz

Firwat sinn déi traditionell Wéngertsstrukturen net nëmme fir d’Wäiproduktioun wichteg, a wat kënnen d’Wënzer fir d’Bestëbser maachen? Firwat ass Villfalt wichteg fir d’Resilienz vun de Wéngerten?
headphones

12 min

play_arrow
Gedankefloss: Philosophéieren iwwer Ëmwelttheemen

Gedankefloss: Philosophéieren iwwer Ëmwelttheemen

De Projet "Gedankefloss“ proposéiert philosophesch Ronnen ze organiséieren, fir zesummen iwwer Ëmweltfroen nozedenken an nohalteg Léisungen ze fannen.
headphones

7 min

play_arrow
D’Naturschutzgebitt Ellergronn mat senge Wanderweeër a Biotopen

D’Naturschutzgebitt Ellergronn mat senge Wanderweeër a Biotopen

Eng divers Natur an de Patrimoine vun der deemoleger Eisenindustrie fléisst hei zesummen.
headphones

11 min

play_arrow
Seejomessen a Schleeken am Gaart | © Bigstock / Ivan Marjanovic

Seejomessen a Schleeken am Gaart

En natierlechen Botzdéngscht am Gaart
headphones

14 min

play_arrow
Einheimesch Séisswaassermuschel: Notzen, Schutz a Bedroung

Einheimesch Séisswaassermuschel: Notzen, Schutz a Bedroung

Siwen einheimesch Muschelaarte ginn et zu Lëtzebuerg.
headphones

11 min

play_arrow
Verschwannen d'Bestëbser?

Verschwannen d'Bestëbser?

Zanter Jore gëtt ee staarke Réckgang vun de Bestëbser-Insekten observéiert. Dat huet e puer Grënn: d’Flächeversigelung, den Asaz vu Pestiziden an d’Verschwanne vun den natierlechen Narungsquellen a Liewensraim vun de Wëllbeien oder Päiperleken.
headphones

13 min

play_arrow
Wat bedeit et wann e Beräich zum Naturschutzgebidd proclaméiert gëtt?

Wat bedeit et wann e Beräich zum Naturschutzgebidd proclaméiert gëtt?

Op der Musel ginn et 4 interessant Naturschutzgebidder, de beschtbekannten ass de Biodiversum Camille Gira.Mee wat mécht dësen esou besonnesch?
headphones

10 min

play_arrow
Majiskraut - Léifstack (Liebstöckel, livèche, lovage)

Majiskraut - Léifstack (Liebstöckel, livèche, lovage)

En onkomplizéiert, romantescht Kraut, vun deem een alles vun der Planz dat ganzt Joer iwwer an der Kiche verwäerte kann.
headphones

9 min

play_arrow
Ouni Pestiziden - Eng Alternativ fir Mënsch an Natur

Ouni Pestiziden - Eng Alternativ fir Mënsch an Natur

Zanter 15 Joer setzt sech déi national Campagne “Ouni Pestiziden” fir de Verzicht op Pestiziden an. Hire Message ass kloer: “Manner sprëtzen, méi naturno Alternativen”.
headphones

6 min

play_arrow
Eng gréng Terrass oder Balcon, déi och Insekte-frëndlech ass

Eng gréng Terrass oder Balcon, déi och Insekte-frëndlech ass

Wéi ee mat einfachen Mëttelen de Balcon oder d’Terrass méi naturno an Insekte-frëndlech gestalte kann.
headphones

15 min

play_arrow
Den Eisléker Bësch aktiv (er)liewen

Den Eisléker Bësch aktiv (er)liewen

An a ronderëm den Naturschutzzentrum Burfelt kann een e ganz speziellen Eisléker Bësch erliewen, an zwar d’Louheck.
headphones

8 min

play_arrow
Net alles aus dem Baumarkt gehéiert an d‘Natur

Net alles aus dem Baumarkt gehéiert an d‘Natur

Am Fréijoer, wann et mei waarm gëtt an déi éischt Blumme bléien, fänke vill Leit un am Gaart ze schaffen a kafen nei Planzen. Wie säi Gaart ekologesch wäertvoll gestalte wëllt, sollt op e puer Saachen oppassen.
headphones

9 min

play_arrow
Wisen a Weeden

Wisen a Weeden

Vum Hannergrond vun aktuellen Diskussiounen ëm d’Klima, proppert Waasser, Biodiversitéit oder Insektestierwen, kréien aarteräich Wisen a Weeden ëmmer méi Bedeitung.
headphones

15 min

play_arrow
Séisst Geméis | © AlterPhoto / Bigstock

Séisst Geméis

Bei Séissem aus dem Gaart denke mir fir d‘éischt un Uebst. Mee et gëtt och Geméis, dat séiss schmaacht an den Zockergehalt vun Uebst souguer iwwertrefft.
headphones

14 min

play_arrow
Sumpfdotterblummewiss a Planzegesellschaften

Sumpfdotterblummewiss a Planzegesellschaften

Flora a Fauna vu Sumpfdotterblummewisen
headphones

9 min

play_arrow
D'Villfalt vun de Biotopen

D'Villfalt vun de Biotopen

Biotopen am Naturschutzzentrum Mirador zu Stengefort
headphones

15 min

play_arrow
Naturpedagogik a "Léieren an der Natur" | © Sabrina Schaul

Naturpedagogik a "Léieren an der Natur"

Zwee interessant Projete vun natur&ëmwelt, déi sech virun allem un d‘Kanner adresséieren
headphones

11 min

play_arrow