Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Déjà Vu

100komma7.lu / Déjà Vu

/ George Harrison - Living In The Material World (05/1973)

George Harrison - Living In The Material World (05/1973)

headphones

10 min

Lauschteren play_arrow

Fir den George Harrison ass de "material world" net deen, no deem mir solle striewen: no senger Indien-Experienz mat senger fréierer Band, de Beatles, ass hie selwer stänneg op der Sich no spirituellem Inhalt, deen hien an eiser westlecher Welt vermësst.

Seng Lidder beschäftege sech op dësem Album mam Mënsch a sengem Ëmfeld, mat der Sich no neie Wäerter, wou net de Besëtz vu Gidder un éischter Plaz steet - Tracks wéi "Give Me Love Give Me Peace On Earth" - eng Nummer 1 an den Charts -, "The Lord Loves The One That Loves The Lord" oder "The Light That Has Lighted The World" bréngen dës nei spirituell Orientéierung vum Museker gutt eriwwer.

Als Gäscht derbäi sinn ë. a. Klaus Vormann a Ringo Starr, béid aus gemeinsame Beatles-Zäiten, de Spooky Tooth-Tastemann Gary Wright an de Keyboarder Nicky Hopkins, dee vill fir d'Rolling Stones am Asaz war.

Den Harrison huet d'Rechter vum Album u seng Hëllefsfondatioun fir de Bangladesch ofgetrueden. Zwee Joer virdrun hat hien am New Yorker Madison Square Garden en opwännegen duebele Benefice-Concert fir dat jonkt asiatescht Land ginn.

De Fred Medernach erënnert un dëse Release aus dem Mee 1973.

Musek

Episoden

John Martyn - Bless The Weather

De brittesche Folk Museker bleift op sengem 71er Album intensiv, mysteriéis an e bëssen niwweleg.
headphones

0 min

The Human League - Dare

Viru 40 Joer koum en Album op, dee bis haut virgëtt, wéi Elektropop ze kléngen huet.
headphones

15 min

play_arrow

Joni Mitchell - Blue (1971)

Der kanadesch-amerikanescher Songwriterin Joni Mitchell hir véiert Plack feiert 2021 hir 50 Joer.
headphones

0 min

John Lennon - Imagine

Viru genee 50 Joer, am Oktober 1971, koum dem fréiere Beatles-Museker John Lennon säin zweete Solo-Album op de Maart.
headphones

0 min

Japan - Tin Drum

Eng futuristesch a glamouréis Plack, déi d'Talenter vun dësen extravagant coifféierten a maquilléierten Häre vu London festhält.
headphones

0 min

Heaven 17 - Penthouse And Pavement

E politesch infuséierten, visionären Elektro Pop Diamant vun der éischter Stonn
headphones

0 min

Echo & The Bunnymen - Heaven Up Here (1981)

Echo & the Bunnymen verblatzen heiansdo nieft de faarwege Karriäre vun New Wave Zaitgenosse wéi The Cure oder The Human League.
headphones

0 min

Harry Nilsson - Nilsson Schmilsson

Deen exzentresche Lidderschreiwer liwwert 1971 eng glat an dach koppeg Plack, déi groussen Uklang fënnt.
headphones

0 min

Santana - Santana 3

Santana setzt mam Album "Santana 3" de Latin-Rock 1971 definitiv op déi musikalesch Landkaart!
headphones

0 min

Tricky - Pre-Millennium Tension

Loscht op musikalesch Begleedung fir eng kleng Wanter-Melancholie?
headphones

0 min

Sly & The Family Stone - There's A Riot Going On

1971 war et eriwwer mat Peace and Love.
headphones

0 min

Transformer - Lou Reed

Mat sengem zweete Soloalbum leet den New Yorker Enn 1972 de Grondsteen fir eng eemoleg Karriär no sengem Äddi bei Velvet Underground.
headphones

11 min

play_arrow

Japan - Tin Drum

Eng futuristesch a glamouréis Plack, déi d'Talenter vun dësen extravagant coifféierten a maquilléierten Häre vu London festhält.
headphones

0 min

My Bloody Valentine - Loveless

En Album, dee bis haut eemoleg ass, an dee fir vill Leit e Synonym fir Shoegazing ass.
headphones

0 min

John Lennon - Imagine

Viru genee 50 Joer, am Oktober 1971, koum dem fréiere Beatles-Museker John Lennon säin zweete Solo-Album op de Maart.
headphones

0 min

The Human League - Dare

Viru 40 Joer koum en Album op, dee bis haut virgëtt, wéi Elektropop ze kléngen huet.
headphones

15 min

play_arrow

Heaven 17 - Penthouse And Pavement

E politesch infuséierten, visionären Elektro Pop Diamant vun der éischter Stonn
headphones

0 min

Cabaret Voltaire - Red Mecca

Nom Doud vum Richard H Krik erënnere mir un den drëtten Album vun der Band vu Sheffield.
headphones

0 min

Cat Stevens - Teaser and the Firecat (1971)

Singer-/Songwriting trëfft op Pop: dem Cat Stevens säin Album steet 1971 weltwäit uewen an den Charts.
headphones

0 min

T.Rex - Electric Warrior (1971)

Als elektresch Krichsmaschinn wollt de Marc Bolan 1971 net nëmmen d'Vereenegt Kinnekräich, mee och d'Vereenegt Staaten erueweren.
headphones

0 min