Radioen

On air

Notturno  |  Arctic Monkeys - Batphone

play_arrow Live
arrow_back_ios

Am Fong

100komma7.lu / Am Fong

/ Lëtzebuerger Sproochatlas 1900

Lëtzebuerger Sproochatlas 1900

headphones

54 min

Lauschteren play_arrow

De Méindeg gouf dee fuschneie "Lëtzebuerger Sproochatlas 1900" virgestallt. E presentéiert sech mat 640 Säiten am A3-Format. Mat 568 groussen an illustréierten Dialektkaarte bitt den Atlas Informatiounen doriwwer, wéi an den 1960er- an 1970er-Joren zu Lëtzebuerg geschwat gouf an zum Deel nach bis haut geschwat gëtt.

Nik fir net, mär fir mir, schweezen fir schwäzen, de Sproochatlas dokumentéiert deelweis grouss Ënnerscheeder an der Sprooch.

De "Sproochatlas 1900" ass eng Suite vum Robert Bruch sengem Atlas. No deem sengem Doud, 1959, war den Alain Atten beim Militär a kuerz drop bei den nationalen Archiven. Do huet hie sech der Missioun ugeholl, d'Kontinuitéit vum Atlas ze assuréieren, andeems hie queesch duerch d'Land gereest ass a sech fir d'Sprooch interesséiert huet, déi d'Mënschen, déi ëm déi 1900 gebuer waren, geschwat hunn.

De "Lëtzebuerger Sproochatlas 1900" ass mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sproch ZLS entstanen. Den Alain Atten war reegelméisseg op Besuch, fir hinnen déi Kaarten ze presentéieren, déi hien zanter de 60er Joren ugefaangen huet mat ergänzen.

Wisou ass de "Lëtzebuerger Sproochatlas" wichteg?
Wat bedeit dëst Wierk fir d'Entwécklung vun der Lëtzebuerger Sprooch?
Wéi bliedert et sech doduerch?
Am Fong geet dëse Froen op de Fong mam Sproochmates Alain Atten, Geografie Professer a Kartolog Claude Schmit a mat der Linguistin Dr. Nathalie Entringer vum ZLS. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.

Kultur
Politik a Gesellschaft

Episoden

Weltwaasserdag - Séisswaassermuschelen a Fiichtgebidder

D'Sonja Heumann ass Chimistin vu Beruff a schafft bei natur&ëmwelt. Si ass um Projet vun der Muschelenziichstatioun op der Kaalber Millen bedeelegt.
headphones

55 min

play_arrow
Charlotte Pull

Charlotte Pull

D'Psychologin a Psychotherapeutin vum ZEV den Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht, ass Invitée beim Jean Claude Majerus.
headphones

54 min

play_arrow
Mäi Wëllen, Mäi Wee

Mäi Wëllen, Mäi Wee

De President vun der Associatioun "Mäi Wëllen, Mäi Wee", Associatioun pour le Droit de Mourir en Dignité, Jean Jacques Schonckert, ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
headphones

55 min

play_arrow

Liewensmëttel Allergien: Wann iesse krank mécht

Zwou Fuerscherinnen aus dem Luxembourg Institute of Health, LIH: Dr Annette Kühn an Dr Christiane Hilger
headphones

55 min

play_arrow

20. Mäerz - Weltdag vum Theater fir de jonke Public

Invitéeë sinn d'Carole Lorang, Directrice vum Escher Theater, an de Jean Bermes, President vun der Association Internationale du Théâtre pour l'Enfance et la Jeunesse (ASSITEJ).
headphones

55 min

play_arrow
Emotioune bei Kanner

Emotioune bei Kanner

Wéi kënne Kanner an hir Eltere mat Gefiller an Emotiounen ëmgoen? D'Véronique Nilles an d'Nora Van Daele aus der Eltereschoul ginn Äntwerten.
headphones

54 min

play_arrow
Wunnen op klengem Raum

Wunnen op klengem Raum

D'Nickie Lippert ass Presidentin vun der Asbl "Tiny House Community" a wunnt zënter September 2021 mat hirer klenger Famill an engem Tiny House.
headphones

54 min

play_arrow
Marcel Barros

Marcel Barros

De fräien Energieberoder ass Invité an der Emissioun Am Fong beim Jean Claude Majerus. Et geet riets vun Solarenergie an Energiespäicher.
headphones

55 min

play_arrow

Schweden als Schlësselfigur bei der Energietransitioun?

Schweden huet momentan d'Presidence vun der EU. D'Danièle Weber war op eng Visitt an huet ënner anerem eng "Zukunftsstad" am Norde besicht.
headphones

56 min

play_arrow
"De Klamm-Sport ass de Partner vun der Natur"

"De Klamm-Sport ass de Partner vun der Natur"

Klamme gëtt zu Lëtzebuerg ëmmer méi populär. Zemools d'Kloteren um Fiels huet e besonnesche Charme, soen de Jacques Welter an de Max Klein, zwee begeeschtert Kloterer.
headphones

56 min

play_arrow
Gendersensibel Sprooch

Gendersensibel Sprooch

Et ass eng emotional Debatt. Mir diskutéiere ganz sachlech mam Luc Marteling vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch.
headphones

55 min

play_arrow
Fréifërderung bei Kanner mat spezifesche Besoinen

Fréifërderung bei Kanner mat spezifesche Besoinen

Wat kënne sougenannt spezifesch Besoine sinn a wéi kann een d'Kanner an hiert Ëmfeld ënnerstëtzen? D'Chantal Feltgen, Psychologin, Familljentherapeutin a Mediatrice erkläert.
headphones

55 min

play_arrow
Eilen zu Lëtzebuerg

Eilen zu Lëtzebuerg

Nächste Samschdeg ass d'Nuecht vun de Kauzen. De Jim Schmitz vun der ASBL Natur an Ëmwelt erkläert, wéi geet et dëse faszinanten Déieren hautdesdaags geet a wou se liewen.
headphones

55 min

play_arrow

Als Museker:in zu Lëtzebuerg liewen - geet dat iwwerhaapt?

Mat der Claire Parsons an dem Georges Goerens schwätze mir iwwer hir musikalesch Karriär.
headphones

56 min

play_arrow
EDS-Lëtzebuerg. D'Liewe mam Ehlers-Danlos-Syndrom

EDS-Lëtzebuerg. D'Liewe mam Ehlers-Danlos-Syndrom

Den Ehlers-Danlos Syndrom gehéiert zu de sougenannten rare Krankheeten och wann se net esou rare ass. An d'ASBL EDS-Lëtzebuerg setzt fir d'Intresse vun de concernéierte Mënschen an.
headphones

55 min

play_arrow
Paul Heber- Unicef Lëtzebuerg

Paul Heber- Unicef Lëtzebuerg

De Paul Heber vun UNICEF Lëtzebuerg, war d'lescht Woch an Polen ënnerwee fir sech konkret Projeten fir ukrainesche Kanner an de Paul Heber ass haut den Invité vum Jean Claude Majerus an der
headphones

55 min

play_arrow
D'Bindung ass d'Basis fir eng gutt Entwécklung

D'Bindung ass d'Basis fir eng gutt Entwécklung

Fir Vertrauen a sech an an d'Ëmfeld ze hunn, brauch e Kand eng sécher Bindung, seet de Gilbert Pregno, Psycholog, Familljentherapeut - a Papp.
headphones

55 min

play_arrow

Inklusiv - eng Ëmfro iwwer d'Besoine fir Persoune mat Behënnerungen

Invité ass de Sascha Lang, dee mat der Familljen- an Integratioun-Ministerin Corinne Cahen iwwer d'Etüd geschwat huet.
headphones

54 min

play_arrow
Philip Crowther: Ee Joer Krich an der Ukrain

Philip Crowther: Ee Joer Krich an der Ukrain

Virun engem Joer huet déi russesch Arméi hiert Nopeschland Iwwerfall. Zanter engem Joer couvréiert eisen Auslandskorrespondent Philip Crowther de Krich.
headphones

51 min

play_arrow
ALAN - Maladies Rares Luxembourg

ALAN - Maladies Rares Luxembourg

D'Presidentin Shirley Feider-Rohen an den Direkter vun der ALAN Dan Theisen sinn d'Invitéen.
headphones

55 min

play_arrow