Am Fong
D'Hëtzt an d'Sonn
55 min
![on the headlines](/legacy/images/15226/image-thumb__15226__base_thumbnail/Dr%20Anne%20Vergison.f87313bb.jpg)
Et ass een den Ament méi wéi tentéiert ze soen, datt d'Wieder sech vu senger beschter Säit weist. Et ass waarm, d'Sonn schéngt iwwer Bierg an Dall, et ass d'Zäit, wou ee vill dobausse ka sinn, et ass Schwämmewieder. Mir schwätzen an der Emissioun u sech net iwwer d'Wieder, mee iwwer d'Suitten, déi esou e Wieder kann hunn. Esou Canicullen, wéi een op Franséisch seet, si wuel nach eng Ausnam, an awer mat de Suitte vum Klimawandel kann ee dovun ausgoen, datt déi Ausnam lues a lues zur Reegel gëtt.
D'Sonn a virun allem d'Hëtzt huet en direkten Afloss op eist Liewen, op eisen Alldag, grad esou gutt wat d'Fräizäit ugeet wéi och de berufflechen Alldag.
Wéi geféierlech ass déi Sonn an däi Hëtzt? Wa si Geforen? Wat kann ee maachen?
Invitée fir op all dës Froen am Fong ze äntweren ass Doktesch Anne Vergison, responsabel vun der Inspection sanitiaire an der Directioun vun der Santé.
De Jean Claude Majerus féiert duerch d'Gespréich.
Episoden
Weltwaasserdag - Séisswaassermuschelen a Fiichtgebidder
D'Sonja Heumann ass Chimistin vu Beruff a schafft bei natur&ëmwelt. Si ass um Projet vun der Muschelenziichstatioun op der Kaalber Millen bedeelegt.
![Charlotte Pull](/legacy/images/9337/image-thumb__9337__base_thumbnail/Foto%20Charlotte%20Pull.251d4bc7.jpg)
Charlotte Pull
D'Psychologin a Psychotherapeutin vum ZEV den Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht, ass Invitée beim Jean Claude Majerus.
![Mäi Wëllen, Mäi Wee](/legacy/images/9214/image-thumb__9214__base_thumbnail/Jean%20Jacques%20Schonckert.69b89737.jpg)
Mäi Wëllen, Mäi Wee
De President vun der Associatioun "Mäi Wëllen, Mäi Wee", Associatioun pour le Droit de Mourir en Dignité, Jean Jacques Schonckert, ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
Liewensmëttel Allergien: Wann iesse krank mécht
Zwou Fuerscherinnen aus dem Luxembourg Institute of Health, LIH: Dr Annette Kühn an Dr Christiane Hilger
20. Mäerz - Weltdag vum Theater fir de jonke Public
Invitéeë sinn d'Carole Lorang, Directrice vum Escher Theater, an de Jean Bermes, President vun der Association Internationale du Théâtre pour l'Enfance et la Jeunesse (ASSITEJ).
![Emotioune bei Kanner](/legacy/images/8464/image-thumb__8464__base_thumbnail/V%C3%A9ronique%20Nilles%20an%20Nora%20Van%20Daele.2af99c39.jpg)
Emotioune bei Kanner
Wéi kënne Kanner an hir Eltere mat Gefiller an Emotiounen ëmgoen? D'Véronique Nilles an d'Nora Van Daele aus der Eltereschoul ginn Äntwerten.
![Wunnen op klengem Raum](/legacy/images/8287/image-thumb__8287__base_thumbnail/Nickie%20Lippert.e181fc3a.jpg)
Wunnen op klengem Raum
D'Nickie Lippert ass Presidentin vun der Asbl "Tiny House Community" a wunnt zënter September 2021 mat hirer klenger Famill an engem Tiny House.
![Marcel Barros](/legacy/images/8131/image-thumb__8131__base_thumbnail/Foto%20Marcekl%20Barros.a51fa651.jpg)
Marcel Barros
De fräien Energieberoder ass Invité an der Emissioun Am Fong beim Jean Claude Majerus. Et geet riets vun Solarenergie an Energiespäicher.
Schweden als Schlësselfigur bei der Energietransitioun?
Schweden huet momentan d'Presidence vun der EU. D'Danièle Weber war op eng Visitt an huet ënner anerem eng "Zukunftsstad" am Norde besicht.
!["De Klamm-Sport ass de Partner vun der Natur"](/legacy/images/8653/image-thumb__8653__base_thumbnail/Jacques%20Welter%20Max%20Klein.be4c5514.jpg)
"De Klamm-Sport ass de Partner vun der Natur"
Klamme gëtt zu Lëtzebuerg ëmmer méi populär. Zemools d'Kloteren um Fiels huet e besonnesche Charme, soen de Jacques Welter an de Max Klein, zwee begeeschtert Kloterer.
![Gendersensibel Sprooch](/legacy/images/8476/image-thumb__8476__base_thumbnail/Luc%20Marteling.2f8ab31a.jpg)
Gendersensibel Sprooch
Et ass eng emotional Debatt. Mir diskutéiere ganz sachlech mam Luc Marteling vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch.
![Fréifërderung bei Kanner mat spezifesche Besoinen](/legacy/images/8320/image-thumb__8320__base_thumbnail/Chantal%20Feltgen.9258b285.jpg)
Fréifërderung bei Kanner mat spezifesche Besoinen
Wat kënne sougenannt spezifesch Besoine sinn a wéi kann een d'Kanner an hiert Ëmfeld ënnerstëtzen? D'Chantal Feltgen, Psychologin, Familljentherapeutin a Mediatrice erkläert.
![Eilen zu Lëtzebuerg](/legacy/images/8194/image-thumb__8194__base_thumbnail/Jim%20Schmitz.620e407a.jpg)
Eilen zu Lëtzebuerg
Nächste Samschdeg ass d'Nuecht vun de Kauzen. De Jim Schmitz vun der ASBL Natur an Ëmwelt erkläert, wéi geet et dëse faszinanten Déieren hautdesdaags geet a wou se liewen.
Als Museker:in zu Lëtzebuerg liewen - geet dat iwwerhaapt?
Mat der Claire Parsons an dem Georges Goerens schwätze mir iwwer hir musikalesch Karriär.
![EDS-Lëtzebuerg. D'Liewe mam Ehlers-Danlos-Syndrom](/legacy/images/7747/image-thumb__7747__base_thumbnail/Foto%20Carla%20Dos%20Santos%20a%20Jessica%20Goedert.abf416e1.jpg)
EDS-Lëtzebuerg. D'Liewe mam Ehlers-Danlos-Syndrom
Den Ehlers-Danlos Syndrom gehéiert zu de sougenannten rare Krankheeten och wann se net esou rare ass. An d'ASBL EDS-Lëtzebuerg setzt fir d'Intresse vun de concernéierte Mënschen an.
![Paul Heber- Unicef Lëtzebuerg](/legacy/images/7564/image-thumb__7564__base_thumbnail/Paul%20Heber.68ace704.jpg)
Paul Heber- Unicef Lëtzebuerg
De Paul Heber vun UNICEF Lëtzebuerg, war d'lescht Woch an Polen ënnerwee fir sech konkret Projeten fir ukrainesche Kanner an de Paul Heber ass haut den Invité vum Jean Claude Majerus an der
![D'Bindung ass d'Basis fir eng gutt Entwécklung](/legacy/images/7399/image-thumb__7399__base_thumbnail/Gilbert%20Pregno%202.11f34449.jpg)
D'Bindung ass d'Basis fir eng gutt Entwécklung
Fir Vertrauen a sech an an d'Ëmfeld ze hunn, brauch e Kand eng sécher Bindung, seet de Gilbert Pregno, Psycholog, Familljentherapeut - a Papp.
Inklusiv - eng Ëmfro iwwer d'Besoine fir Persoune mat Behënnerungen
Invité ass de Sascha Lang, dee mat der Familljen- an Integratioun-Ministerin Corinne Cahen iwwer d'Etüd geschwat huet.
![Philip Crowther: Ee Joer Krich an der Ukrain](/legacy/images/7867/image-thumb__7867__base_thumbnail/Philip%20Crowther.0a6bc432.jpg)
Philip Crowther: Ee Joer Krich an der Ukrain
Virun engem Joer huet déi russesch Arméi hiert Nopeschland Iwwerfall. Zanter engem Joer couvréiert eisen Auslandskorrespondent Philip Crowther de Krich.
![ALAN - Maladies Rares Luxembourg](/legacy/images/7684/image-thumb__7684__base_thumbnail/Shirley%20Feider-Rohen%20an%20Dan%20Theisen.0f39bdc3.jpg)