An Europa gëtt et dat weltwäit gréissten Netzwierk vun Naturschutzgebitter, d’Natura 2000 Netzwierk. D’Zil dovunner ass menacéiert an eenheemesch Aarten an hir Liewensraim an Europa ze schützen a laangfristeg ze erhalen.
Zu Lëtzebuerg leien insgesamt e bësse manner wéi 30 Prozent vun der gesamter Fläch vum Land bannent engem Natura-2000-Gebitt. An absolutten Zuele sinn dat ca. 70 000 ha.
Fir all Natura-2000-Gebitt gëtt et ee Gestiounsplang, an deem all Mesuren opgeféiert ginn, déi an dëse Gebitter sollen ëmgesat ginn, fir hiren Zoustand als natierleche Liewensraum ze erhalen an ze verbesseren. Wichteg Acteure bei der Ëmsetzung vun dëse Mesurë sinn d’Naturverwaltung, d’Waasserverwaltung, Naturparken an Naturschutzsyndikater, Flosspartnerschaften, d’Stëftung Hëllef fir d’Natur vun natur&ëmwelt awer och eis Baueren.
Weider Informatiounen iwwer d’Natura-2000-Netzwierk a Lëtzebuerg fannt Dir op natura2000.lu.
Explikatioune vum Tobias Mosthaf vum SIAS - Syndicat intercommunal à vocation multiple (www.sias.lu)
Erausgepickt:
Fir den Natura-2000-Dag ze feieren, deen all Joer den 21. Mee ass, ass jiddereen den 18. Mee op Gréiwemaacher an de Centre Culturel Machera invitéiert, fir deen Dag am Kader vum SIAS Klima- a Biodiversitéitsdag ze feieren. Ee villfältege Programm fir Erwuessener a Kanner mat flotte Spiller, Workshoppen, interaktive Stänn a live Virträg ginn ugebueden, bei deenen een z. B. eppes iwwer kleng Déieren am Waasser oder eenheemesch Reptilië ka léieren.
Weider Informatiounen zum Programm fënnt een op klimadag.lu.