Um Programm stinn ënner anerem Extraiten aus dem Bedrich Smetana sengem Vaterland: eng sinfonesch Dichtung déi iech op eng Entdeckungsrees duerch déi Tscheschesch Mythen a Landschaften mathëllt.
Dëst ass e Matschnett vum Concert vum 26. September 2024, deen d’Radiotelevisione Svizzera, kuerz RSI, an der Sala Teatro zu Lugano opgeholl huet. An dee Concert kënnt Dir bis de 6. Juni hei nolauschteren.
Programm:
Witold Lutosławski (1913–1994): Mała Suita fir Orchester
Bohuslav Martinů (1890–1959): Concert fir Violoncello Nr. 1, H. 196
Bedřich Smetana (1824–1884): aus Má Vlast
Vyšehrad
Vltava (die Moldau)
Šárka
Interpreten:
Orchestra della Svizzera italiana
Krzysztof Urbański, Direktioun
Nicolas Altstaedt, Cello
Robert Kowalski, Konzertmeeschter