Déi nei däitsch Regierung wëll méiglecherweis d’Kontrollen op den däitsche Grenzen weider verschäerfen - dat koum zu Lëtzebuerg bekanntlech net gutt un. Lëtzebuerg hofft op d’Ennerstëtzung vun der Europäescher Kommissioun - dat hat den Innenminister Leon Gloden en Dënschdeg am 100Komma7-Interview gesot.
Grenzkontrolle kéinte just zwee Mol verlängert ginn. Dat wir esou am Schengekodex virgesinn, huet den CSV - Politiker präziséiert. Ma stëmmt dat esou ? Wat genee gesäit de Codex vir ? Explikatiounen vum Danièle Weber.