De Monty Alexander gouf zu Kingston am Jamaika gebuer, huet seng éischt musikalesch Erfarungen do gemaach, war Deel vun de Museker, déi am legendäre Studio One de Reggae an den Dub grouss gemaach hunn, an ass duerno dem Jazz no gaangen an d'Vereenegt Staaten. Hie wandert dacks op de Spuere vum Oscar Peterson an huet, esou wéi säin Idol, och mat legendäre Rhythmus-Sektioune gespillt wéi dem Ray Brown, dem Herb Ellis an dem Ed Thigpen. Seng Live-Concerte sinn ee grousst Fest an esou war et och um Cully Jazz Festival am Joer 2024, wou hie mam Luke Sellick um Bass a mam Jason Brown op der Batterie opgetrueden ass.
Playlist:
1. Monty Alexander Trio
2. Abide with me / I wish I knew how it would feel to be free (traditional)
3. Monty Alexander Trio - So What (M. Davis)
4. Monty Alexander Trio - Night Mist Blues (A. Jamal)
5. Monty Alexander Trio - King Tubby meets the Rockers Uptown (A. Pablo)
6. Monty Alexander Trio - I’ll Never Smile again (R. Lowe)
7. Monty Alexander Trio - Regulator aka Reggae Later
8. Monty Alexander Trio - Oh Why?
9. Monty Alexander Trio - We’ve only just begun (Carpenters)