Vu senger Konscht kënnen ze liewen – de groussen Dram vun all Kënschtler erweist sech zu Lëtzebuerg zumindest um Pabeier als méiglech: 107 Leit hunn hei am Land de Statut d’artistes, 268 Leit dee vum Intermittent du spectacle. An der Praxis gesäit d’Saach allerdéngs e bësse méi schwiereg aus, dat net just zu Lëtzebuerg, ma och am Ausland: Am Frankräich ass beispillsweis de Prozentsaz vu Schrëftsteller:innen, déi vun hirem literaresche Schreiwen eleng liewe kënnen, zimmlech geréng. Virun e bësse méi wéi engem Mount huet een Artikel an der Luxembourg Times, an deem zwee Kulturschafender iwwert de Seeldanz tëschent Broutjob a Konscht geschwat hunn, fir ee (klenge) Shitstorm gesuergt, dat well de Journalist op eng liicht naiv Manéier e Portrait gezeechent huet vu Leit, déi daagsiwwer schaffen an nuets kreativ ginn, ouni ze hannerfroen, wéi et kéint sinn, dass deels renomméiert Kulturschafend et nawell net packen, vun hirer Musek, hirer Konscht, hirem Schreiwen, bref vun hirer Aarbecht ze liewen. Fir e bësse mat där Manéier, de kreative Beruff ze verklären, opzeraumen, hunn d’Kerstin Thalau an de Jeff Schinker haut véier Leit agelueden, déi mat eis iwwert d’Erausfuerderung vum onofhängege Schaffen diskutéieren: d’Kënschtlerin Julie Wagener, déi transdisziplinaresch Kënschtlerin Clio van Aerde, de Museker Tun Biever an de Schrëftsteller Antoine Pohu.
arrow_back_ios
Kultur
Vun der Konscht liewen - mee wéi?
mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
Vun der Konscht liewen - mee wéi?
Eng Diskussiounsronn mat der Julie Wagener, der Clio van Aerde, dem Tun Biever an dem Antoine Pohu

Vun der Konscht liewen - mee wéi?
Eng Diskussiounsronn mat der Julie Wagener, der Clio van Aerde, dem Tun Biever an dem Antoine Pohu

“Sonic Investigations” zu Venedeg
Optakt vun der 19. Architektur Biennale zu Venedeg

Mozart a Reger am Dialog
D'Kammerata Luxembourg spillt ee Concert am CAPE zu Ettelbréck, bei deem zwee grouss Komponisten aus verschiddenen Zäiten am Fokus stinn.

Le Coup de Majesté
De 7. Mee owes um hallwer 8 kann een am Kammermusekssall vun der Philharmonie op eng musekalesch Zäitrees goen.

111 Plazen zu Lëtzebuerg, déi ee muss gesinn hunn...
...stellt d'Susanne Jaspers vir an hirem neie Reesguide, deen am Emons-Verlag eraus komm ass.

Batty Fischer: méi wéi e Stater bourgeoise Flâneur mat Fotoapparat
Vu Stroossefotografien zu héichwäertegen Naturopnamen

D'Marcy bereet sech op eng EP-Release vir ...
... an ee Gespréich iwwer déi nei Single "Ida"

Anne-Marie Reuter am Gespréich
Mat hirem Roman "M for Amnesia" ass déi engleschsproocheg Schrëftstellerin d'Laureatin vum Servais-Präis 2025.

Ee musikalescht Freedefeier zum Europadag
Ad Libitum spillt dem Händel seng weltberüümte Freedefeiermusek, nieft Vivaldi, Telemann an och manner bekannte Komponisten aus der Zäit vum Barock.

Filmkritik: "Volveréis"
Dës spuenesch Bezéiungs- respektiv Trennungskomedie gouf de leschte Weekend am Grousse Kino beschwat.

Op der Bün: "Prima Facie", "Spring Awakenings" an "It’s a Scam"
Den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker rezenséieren haut déi dräi Theaterstécker "Prima Facie", "Spring Awakenings" an "It’s a Scam".

Philharmonie: Saison 25/26
En Iwwerbléck iwwer d'Schwéierpunkten: Leading Figures, Une Saison inédite pour notre orchestre, Les récits du monde, Openess. Collaboration.

Am Gespréich mam Maz a Julien Primout
De Curateur an den Organisateur iwwer déi véiert Oplag vum Messtival


Rethinking photography mat Serge Ecker a Patrick Galbats
D’Fotoexpoen “Murmurare” a “Mémoires de fortune” zu Diddeleng

Um Radar - de Weekend
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, wat fir eng kulturell Highlighten Dir de Weekend net sollt verpassen.

Jonk sinn am 21. Joerhonnert
Wat heescht et haut jonk ze sinn? Dat probéiert eng Ausstellung am Mierscher Theater erauszefannen.

"Mir kommen aus verschiddene Länner a sinn zesummen zu Lëtzebuerg"
De Lëtzebuerger Ensembel Ars Nova Lux feiert säin 10. Gebuertsdag mat engem Concert an der Philharmonie. Um Programm: vill Lëtzebuerger an och international Musek
