Zuele klammen 100 Neiinfektiounen, 9 nei Hospitalisatioune wéinst Covid-19
De Méindeg goufen zu Lëtzebuerg 100 Neiinfektiounen mam neiaartege Coronavirus festgestallt. Dat sinn esou vill Neiinfektiounen an engem Dag wéi net méi zënter Ufank Abrëll. 47 Persoune (3 op der Intensivstatioun) sinn zu Lëtzebuerg wéinst Covid-19 hospitaliséiert: Dat sinn der 9 méi wéi gëscht an 20 méi wéi virum Weekend. 11.280 Tester goufe gëschter am Ganzen duerchgefouert.
- Woch vum 15. Juni: 52
- Woch vum 21. Juni: 140
- Woch vum 28. Juni: 289
- Woch vum 5. Juli : 402