Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LUkraine kritiséiert Ënnerdaach vu Flüchtlingen

Flüchtlingsstrukturen

LUkraine kritiséiert Ënnerdaach vu Flüchtlingen

D'Associatioun LUkraine ass onzefridden mat de Konditiounen, ënner deene vill Flüchtlingen - an net just ukrainescher - hei am Land vum Staat ënnerbruecht ginn. Och iwwer d'Feierdeeg wier an eenzelen ëffentleche Strukturen nees kee Waasser a keng Heizung gewiescht, sou den Nicolas Zharov, de President vun der asbl.

auto_stories

3 min

Den Nicolas Zharov ass President vu LUkraine

De President vun der ASBL Nicolas Zharov huet am 100,7-Interview vu groussen, systematesche Problemer geschwat, déi schonn zanter Méint bekannt wieren.

"On ne peut pas dire que le problème se présente partout. Il y a des endroits où tout se passe bien, mais il y a d'autres endroits comme la SHUK, Bâtiment T (ndlr : Ancien bâtiment de la Cour de justice de l'Union européenne) où on Constate régulièrement des problèmes avec le manger, avec les conditions de vie en général."

An de Foyere vum Roude Kräiz wiere se méi grouss wéi an deenen, déi vun der Caritas geréiert ginn.

"Au niveau de la gestion, ce sont bien sûr les ONG qui sont présentes. Plus la Croix rouge que Caritas. On trouve que Caritas a réussi à installer un système qui fonctionne mieux, il y a plus de problèmes au niveau de la Croix rouge."

Mee leschten Enns géife béid ONGen ënner der Autoritéit vum ONA schaffen, dem Office national de l'accueil, deen dem Ausseministère ënnersteet.

Rettungsgefierer fir d'Ukrain

"Ukraine is calling" ass den Numm vun engem Projet, dee vun der Lëtzebuerger Associatioun LUkraine lancéiert gouf, an deem säin Zil et ass, der Ukrain déi symbolesch Zuel vun 112 Rettungsgefierer (also Ambulanzen, Pompjees-Camionen asw.) ze schenken, fir datt mat deene Gefierer Mënscheliewen a Krichsregioune kënne gerett ginn.

Kuerz viru Chrëschtdag sinn déi éischt 16 Gefierer an engem Convoi an déi west-ukrainesch Stad Lwiw geféiert ginn.


Update vum 28. Dezember:

D'Rout Kräiz reagéiert op eis Nofro hin op d'Kriticke vun der asbl LUkraine iwwer déi ëffentlech Strukture fir Flüchtlingen, wou et plazeweis iwwer d'Feierdeeg kee Waasser a keng Heizung gi wieren.

D'Croix Rouge wier net responsabel fir d'Exploitatioun vun deene Strukturen. Si géif just de sozialen a psycho-sozialen Encadrement maachen. Responsabel fir déi logistesch Gestioun wier den ONA, den Office national de l'accueil.

D'Rout Kräiz stéing awer an direktem Dialog mam ONA a mam Ausseministère an d'Mataarbechter vum Roude Kräiz géifen och alles mellen, wat net sou klappt wéi et soll, och materiell Aspekter, obwuel dat net ënner hir Attributioune géif falen. An dofir wéilt d'Croix Rouge sech och net an déi Diskussiounen amëschen: "En revanche, et en ligne avec ses principes de neutralité la Croix-Rouge ne peut pas participer au commentaire ou au débat public et politique relatif aux conditions de vie et d'accueil dans ces structures."

Den Ausseministère dementéiert d'Kritik vu LUkraine: am Bâtiment T wier et ëm déi Zäit zu all Moment Krunnewaasser ginn. Dat wier an all de Strukturen de Fall, an d'Qualitéit vum Krunnewaasser géif och kontrolléiert ginn.