Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affär Da Costa: Revirement vum Franz Fayot

Chamberkommissiounen

Affär Da Costa: Revirement vum Franz Fayot

Revirement vum Wirtschaftsminister an der Affär iwwer d'Entloossung vum Fuerscher Jeff Da Costa. De Franz Fayot sot de Moien an der Chamber, de Chef vum Jeff Da Costa hätt wuel selwer Beamten am Wirtschaftsministère kontaktéiert fir sech iwwer säi Mataarbechter ze beschwéieren. An der Affär da Costa wollten d'CSV an d'Piraten den Donneschdeg de Moie vum Wirtschafts- a vum Ëmweltministère an den zoustännege Chamberkommissiounen Äntwerten op hir Froen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Beamten hätten dem Direkter vun RSS-Hydro geroden, de Jeff Da Costa net z'entloossen, esou de Franz Fayot. E puer Stonne virdrun hat de Minister hei op der Antenn nach formell dementéiert, datt et e Kontakt tëscht sengem Ministère an der Firma RSS-Hydro gi wier ronderëm d'Entloossung vum Jeff Da Costa.

Wéi mir dat gemellt haten, war de Patron vum Jeff Da Costa ganz zefridde mat der Aarbecht vum jonke Fuerscher. E gouf awer stënterlech entlooss, an zwar e puer Deeg no engem Interview am September d'lescht Joer op RTL, an deem de Jeff Da Costa d'Lëtzebuerger Autoritéite wéinst engem schlechten Héichwaasserschutz kritiséiert hat.

Den Direkter huet eis gesot, en hätt wëlle politeschen Drock verhënneren a seng aner Mataarbechter schützen. D'Regierung an d'Ministèren dementéieren, datt et politeschen Drock gi wier.

En erstaunleche Revirement, fënnt den CSV Deputéierte Gilles Roth, deen allerdéngs politesch Responsabilitéiten no den Äntwerten den Donneschdeg Moien ausschléisst.

"An eisen Aen gëtt et keen Drock, deen direkt vun engem Regierungsmember ausgeüübt ginn ass. Dat hu mer aktéiert an dat stelle mer och zefriddestellend fest. Allerdéngs ass keng Kloerheet, wat an der Etage ënnendrënner geschitt ass. Do gëtt et och ee Sënneswandel vun dem Chef vun der Firma, déi den Här Da Costa beschäftegt. Och dat muss eng Kéier déi néideg Opklärung fannen."


Notiz Donneschdeg 16h30: An enger éischter Versioun vum Artikel huet et geheescht, eng héich Beamtin aus dem Waasserwirtschaftsamt hätt wéinst der Affär Da Costa demissionéiert. Wéi mir mëttlerweil confirméiert kruten, ass dës Informatioun falsch, am Abrëll hat déi betraffe Beamtin schonn decidéiert, an den Inneministère ze wiesselen, wat mir och vum Inneministère confirméiert kruten.