Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  MGMT - Little Dark Age

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brexit: To be continued

RÉCK- AN AUSBLÉCK

Brexit: To be continued

Den 31. Januar ass Groussbritannien aus der EU ausgetrueden. Duerno blouf mol kee Joer Zäit, fir ee Vertrag auszehandelen, deen déi zukünfteg Relatioune reegele soll. E gouf a leschter Minutt fäerdeg, ofgeschloss ass dat EU-Kapitel domat awer nach net.

auto_stories

4 min

2020 huet ugefaange mat engem historeschen Datum. Véier Joer nodeems d'Britte sech mat knapper Majoritéit fir den "No" ausgeschwat haten, also fir d'EU ze verloossen, war et nämlech esou wäit. Den 31. Januar war "Brexit-Day", deen Dag, op deem dat Vereenegte Kinnekräich effektiv aus der EU ausgetrueden ass.

Ee Moment mat groussen Emotiounen zu Bréissel. "Mäi Büro ass voller Këschten, meng Saache sinn all agepaakt", sot Enn Januar een traurege Richard Corbett. Hie war 20 Joer laang fir déi brittesch Labour Party am Europaparlament.

Zesumme mat deenen aneren 72 britteschen Europadeputéierten huet hie missen Äddi soen. An der Plenière gouf den 30. Januar d'Hymn "Auld Lang Syne" ugestëmmt an esou munch EU-Parlamentarier huet een Nuesschnappech gebraucht.

Kee Fortschrëtt wärend Méint

Net jiddwereen awer hat Tréinen an den Aen. D'Brexiteers waren a Feierstëmmung. Virop den Nigel Farage, dee seng politesch Karriär dem Austrëtt aus der EU consacréiert hat. "Ni méi EU-Contributiounen, ni méi een Urteel vum Europäesche Geriichtshaff", huet hie sech a senger leschter Interventioun am Parlament gefreet.

Zu London huet de brittesche Premier Boris Johnson eng nei Ära agelaut, "en neien Akt an eisem groussen nationalen Theaterstéck".

Foto: EU / Daina Le Lardic

Duerno awer hu sech d'Emotioune séier berouegt. Um Verhandlungsdësch iwwer e Vertrag, deen déi zukünfteg Handelsrelatiounen tëschent der EU a Groussbritannie reegele soll, kënnt een nämlech net virun. An dat méintelaang. "Am Moment gëtt et ganz wéineg Progrès", seet am Juni den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen - hien ass Member vum Brexit-Koordinatiounsgrupp.

Nieft der Fëscherei hänkt et ëmmer nees un deenen nämmlecht Punkten: d'Konditiounen um Marché an d'Fro, wéi eng Instanz zoustänneg soll sinn, wann ee sech oneens ass.

Last-Minute-Accord op Hellegowend

Eng ëm déi aner Deadline gëtt verluecht, et dauert schliisslech bis Hellegowend, bis awer nach een Text ausgehandelt ass. "Et war eng laang Rees", sot de 24. Dezember d'Ursula von der Leyen. Fir d'EU-Kommissiounscheffin gouf awer elo "ee fairen Deal, dee richteg fir béid Säiten ass" ausgehandelt.

D'Konsequenz vun deem Last-Minute-Deal ass, datt d'Europaparlament eréischt doriwwer ofstëmmt, nodeems e scho provisoresch a Kraaft ass. D'Parlament war hei pragmatesch, esou de Christophe Hansen. Et wier een um Enn "zähneknirschend averstanen", well "et déi eenzeg Méiglechkeet war, den haarde Brexit ze verhënneren".

D'Europadeputéiert hunn elo gutt zwee Méint Zäit deen 1.246 Säiten laangen Accord duerchzeknaen. Woubäi vu virera kloer ass, de roude Bic kann d'Parlament net méi usetzen: "Ännerungen am Text, deen de 24. Dezember ausgehandelt gouf, sinn net méi méiglech", esou de Christophe Hansen.

Et géing drëm, eventuell Schwaachpunkten ze benennen an engem Accord, deen um Schluss "op héijem politeschen Niveau iwwer de Knéi gebrach gouf".

Enger éischter Aschätzung no huet och d'EU Waasser an hire Wäin geschott. Zum Beispill bei de Standarden, déi musse vu béide Säiten an Zukunft agehale ginn. D'Parlament hat ëmmer drop bestanen, datt Groussbritannie seng Standarden dynamesch misst un déi vun der EU upassen. Elo gouf awer just eng Klausel, déi seet, datt een d'Standarden net erofsetze kann, festgehalen.

An engem Sträitfall bleift och net, wéi d'EU dat vun Ufank u wollt, den Europäesche Geriichtshaff zoustänneg, mee et ginn nei Schiidsgeriichter op d'Bee gesat.

Brexit bleift nach aktuell

Positiv wier virun allem gewiescht, datt d'EU bis um Schluss gëeent opgetrueden ass, sot um Enn vum Verhandlungsprozess den EU-Chef-Negociateur Michel Barnier.

Lëtzebuerg hat sech am Fréijoer d'Kritik misse gefale loossen, mat engem Extra-Wonsch ze kommen, andeem sech d'Regierung dofir agesat hat, datt d'Finanzservicer sollten an deen Handelsvertrag mat ageschloss ginn. De Grand-Duché huet sech domat net duerchgesat, d'Finanzservicer ginn extra gereegelt. Et ass net dat Eenzegt, wouriwwer d'Detailer nach musse gekläert ginn.

D'Kommissiounscheffin wënscht sech zwar, datt elo endgülteg d'Post-Brexit-Ära kënnt. "Et ass un der Zäit, de Brexit hannerun eis ze loossen", esou d'Ursula von der Leyen.

Den Accord awer léisst nach vill Froen op. An eent ass sécher: It ain't over yet - Et ass nach net eriwwer mam Brexit.