Radioen

On air

Notturno  |  Slumbergaze - Conclave

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cargolux flitt den Ament net iwwer Belarus

EU-SANKTIOUNEN

Cargolux flitt den Ament net iwwer Belarus

D'Cargolux huet decidéiert fir de Moment net méi iwwer Belarus ze fléien an domat der Recommandatioun vun der EU nozekommen, esou de Premier Xavier Bettel.

auto_stories

2 min

Foto: picture-alliance

No der forcéierter Landung vun engem Passagéierfliger an d'Inhaftéierung vun engem Journalist a senger Liewenspartnerin zu Minsk haten d'Staats- a Regierungscheffe vun de 27 EU-Länner d'Fluggesellschaften aus der Europäescher Unioun dozou opgeruff, net méi iwwer belarusseschen Territoire ze fléien.

D'Luxair ass dovun net betraff, well se souwisou keng Vollen duerch de belarussesche Loftraum hat.

D'Cargolux huet iwwerdeems vu sech aus decidéiert, am Moment net iwwer Belarus ze fléien. Dat sot de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel gëschter nom EU-Sommet zu Bréissel.

Et géif sech hei net ëm ee Verbuet handelen, huet hien op eis Nofro präziséiert:

"D'Cargolux huet am Moment selwer decidéiert, net iwwer Belarus ze fléien. Et muss een elo kucken, wéi et weider geet. Et ass einfach e Faite datt ee Land, datt déi international Fluchreegelen net respektéiert, eng Gefor fir d'Fligeren duerstellt, déi iwwert dat Land fléien. Dofir hu mir déi Recommandatioun gemaach. Et ass kee Verbuet, datt eng Gesellschaft net méi dierft iwwer Wäissrussland fléien. Et gëtt recommandéiert et net ze maachen, wann et net muss sinn."

Eng ganz Rei Fluggesellschaften hunn an de leschte Stonnen annoncéiert, datt se de belarussesche Loftraum evitéieren, dorënner AirFrance, Lufthansa, KLM, AirBaltic a Finnair.

D'EU huet ausserdeem hire Loftraum fir belarussesch Fliger gespaart, an och Investitiounen an Héicht vun 3 Milliarden Euro agefruer, déi a Belarus geplangt waren.

D'EU huet och decidéiert, datt weider Persounen op d'Lëscht vun de Sanktioune géint Belarus gesat ginn. Et gëtt och envisagéiert, wirtschaftlech Sanktioune géint Organisatiounen ze huelen, déi eppes mat de Repressiounen am Land ze dinn hunn.